Eng bekannte Radiostëmm geet an déi wuelverdéngte Pensioun
Joerzéngtelaang huet dem Jean-Marc Sturm seng Stëmm eis um Radio begleet. Elo ass et Zäit fir hien, fir Äddi ze soen an d'Pensioun ze genéissen.
E Mëttwoch den 13. November 2024 um 17.38 Auer ass dem Jean-Marc Sturm säi leschte Reportage op RTL Radio Lëtzebuerg ugelaf. Duerno huet de Roy Grotz d'Wuert ergraff... Hie sot sengem laangjärege Mataarbechter Jean-Marc Sturm op seng Manéier MERCI, esou ze héieren, live op RTL Radio Lëtzebuerg!
Roy Grotz: Den Titel vum Frank Sinatra sengem Lidd schwätzt u sech Bänn - I did it my way... mir hunn da mam Auteur vun deem Reportage virdrun effektiv een, dee säi Wee elo gaangen ass a bei de Scoute géife se soen - dee säi Wee gaangen ass - a lo kann Heem goen, oder an dësem Fall "doheem bleiwen".
Jo, de Jean Marc Sturm hëlt d'Pensioun a wëll näischt méi vu Mikroen, sengem verwullte Büro, verwalte Politiker a soss Medie-Rummel wëssen.
Hien, deen iwwer 4 Joerzéngten d'Medielandschaft mat markéiert huet, deen, deen d'Lëtzebuerger Orthographie violéiert huet, fir dann awer genee ëmmer nees déi richteg a pointéiert Wierder ze fannen - jo, dee Jean-Marc, eisen Hugo. Hien ass lo prett fir sech nëmmen nach de Buffeten op Croisièren ze dediéieren an de Radio vun där anerer Säit ze kucken... ganz ouni Zigarett, déi hie soss mat Genoss geraacht huet.
Mir wësse wat mer um Hugo haten - Een, deen d'Liewe vun der net all ze eeschter Säit mat enger Schotz Sarkasmus kuckt an een, deen d'Häerz um richtege Fleck huet.
En Authenteschen - Een aus der Forge du Sud - en Diddelenger, deen de Stëbs aus den Héichiewe geotemt huet, ouni och nëmmen jee eng Sekonn op der Schmelz missten ze schaffen.
Een, deen en oppent Ouer fir Jiddereen huet, mä eréischt nodeems hie seng Geschichte gezielt a seng (dach gewoten) Fotoen um Handy gewisen huet.

Net just de Roy Grotz huet live op der Antenn Äddi gesot, ma och vill vum Jean-Marc Sturm senge Mataarbechter ware mat dobäi. / © Pit Everling
Hien, deen sou gär am Gaart schafft, datt hie Feier a Flam ginn ass, wéi e Feier vun engem Koup Hecken zu engem Freedefeier ginn ass.
Hien - dee Jean-Marc, vun deem mir mat enger Genauegkeet "sans pareil" ëmmer wousste wat mëttes op den Teller koum an wat owes géif am Kachdëppen brutschelen.
Mee de Jean-Marc, eisen Hugo, war hien net ëmmer sou? Oder awer dach???
Dach, soen mer laangjäreg Frënn a Kolleegen, sief dat ewell zu Bréissel op der Uni, oder an der Villa Louvigny - mam Hugo hat een ëmmer eppes ze laachen an hie konnt och den trageschste Situatiounen - ABSENNS - dat Bescht ofgewannen.
Journalist vun 1985 u war hie bal ëmmer dem Sender mam roude Logo an den 3 Buschtawen trei bliwwen - bis zu engem Säitesprong vun enger Dose Jore bei e bloe Logo och mat 3 Buschtawen, mee dat waren net déi vun RTL, mee déi vum Nonneradio.
E Wiessel also op Uerder vum Abbé André - eppes wat eisen Hugo net konnt widderstoen, als ale Massendénger wousst hie genee, wat alt sou am Afferstack deponéiert ass, an domat gouf och an de Gaasperecher Wisen net geknéckt - den Hugo war fort a koum wéi e Boomerang nees 2012 zeréck op de Kierchbierg, zesumme mat anere Gaasperecher Sankt Pauli Fans, wéi den Hochi, Lynn, Joël, Jeff - an et huet sech zesummefonnt, wat zesummegehéiert.
Mir kéinten nach laang Reportagë mam "Liewen a Wierken vum Hugo" fëllen, mee vun haut u bléist eebe kee Stuerm méi hei um Kierchbierg - nëmmen nach eng kleng Lëftchen, mee mir wäerten däi Vermiechtnes an dech an Éieren halen Hugo. Ma wou kënnt dee bizaren Numm eigentlech hir?
Jean-Marc Sturm, alias Hugo: "Dat ass ganz einfach, deemools war de Wierbelstuerm "Hugo". Dat war nach an der Villa Louvigny. An ech hu missen do iergendee Reportage maache vu Bëschaarbechten, wou se opgeraumt hunn. An do war de Guy Kaiser an de Vic Reuter... jo... "Stuerm" "Hugo". Et war séier fonnt. Ech sinn elo nach ëmmer frou, datt dee Stuerm net Kathrina geheescht huet."
Et kéint net méi passend sinn - 2 Deeg nodeem d'Fuesent agelaut gouf, verléisst eis den Hugo a mir verléiere mat him e gudden, zouverléissege Kolleeg a gudde Frënd.
Et deet eis Leed, dass du gees, mee mir waren frou mat dir kënnen den "RTL-way of life" ze goen. You did it your way Hugo - duerch Déiften a vill Héichten - hei ass ëmmer d'Dier op fir dech - du bass ewell gebucht fir de Cocorico weider ze man a mir e Kaffi ze bréngen - all Guddes an der Pensioun - pass op dech op a maach et gutt.
Et leeft net ëmmer alles no Plang
Zu gudder Lescht, hei nach e puer vun de flottste Verspriecher vum Jean-Marc Sturm, wann et geheescht huet d'Noriichten ze presentéieren. De Jeff Kettenmeyer huet e klenge Resumé zesummegestallt.