Eelste Mënsch vun der Welt?D'Albanerin Qamile Marra ass 117 Joer al - an toppfit

RTL mat AFP
Si huet 5 Generatioune gesinn opwuessen an hätt nach ni Medikamenter geholl. Mat 100 Joer war hir Pensioun gestoppt ginn, well kee gleewe wollt, datt si nach lieft.
D'Qamile Marra erfreet sech beschter Gesondheet an ass frou mat der Natur.
D'Qamile Marra erfreet sech beschter Gesondheet an ass frou mat der Natur.
© ADNAN BECI/AFP

D'Qamile Marra huet praktesch hiert ganzt Liewen am Duerf Ferras verbruecht, ronn 100 Kilometer südlech vun der albanescher Haaptstad Tirana ewech. Si steet all Dag fréi op, kiert den Haff, nätzt d'Blummen, gëtt den Hénger ze friessen an drénkt dann eng Taass Kaffi. Mat hirem 80 Joer ale Bouf, dee bei hir wunnt, geet si dacks spadséieren. Si huet 5 Generatioune gesinn opwuessen.

Dem Fils no wier si ni bei engem Dokter gewiescht an hätt nach ni Medikamenter missen huelen. Wéi d'Qamile 100 Joer al gi war, haten d'Autoritéiten hir Pensioun gestrach, well kee gleewe wollt, datt si nach lieft. Virun engem Mount huet si vum Staat eng extra Primm kritt fir hiren héijen Alter.

Mat 117 Joer schéngt d'Qamile Marra den eelste Mënsch op der Welt ze sinn. Enger Rei Dokumenter no ass si den 19. August 1909 op d'Welt komm - zwee Deeg virun der Brittin Ethel Caterham, déi am Guinness Buch vun de Weltrekorder als eelste Mënsch vun der Welt opgelëscht ass.

Der rüsteger Albanerin hir Famill hätt déi Responsabel vum Buch scho puermol kontaktéiert an en Acte de naissance vun 1945, e Pass vun 1978 an eng rezent Carte d'identité matgeschéckt, op deene jeeweils dee selwechten Datum agedroen ass.

Wéi een esou al ka ginn, ka si selwer net genee sou. Läit et un hirer Aart a Weis ze liewen? Oder huet si einfach gutt Genen? D'Qamile Marra seet dozou just: "Du liefs esou laang, wéi Gott et verfüügt."

Back to Top
CIM LOGO