E Ballon op d'MoossEn neie Ris um Lëtzebuerger Himmel

Vidosava Kuzmic
Christophe Wantz
Zanter Ufank September gëtt et een neie Ballon um Lëtzebuerger Himmel. Mir hunn de passionéierte Ballonspilot Claude Hermes vun der Fabrikatioun bis zum éischte Vol suivéiert.
En neie Ris um Lëtzebuerger Himmel
Zanter Ufank September gëtt et een neie Ballon um Lëtzebuerger Himmel. Mir hunn de Claude Hermes vun der Fabrikatioun bis zum éischte Vol suivéiert.

De 7. September war ee ganz besonneschen Dag fir de Claude Hermes. Hien huet seng fonkelnei Montgolfière ageweit. Et ass den Ufank vun engem neie Kapitel an enger Geschicht, déi scho viru méi wéi 30 Joer ugefaangen huet.

Eng joerzéngtelaang Passioun

Am Lëtzebuerger Loftballonsport ass de Claude scho laang eng bekannte Figur. Mir haten hien de leschte Summer zu Chambley beim Festival Enenvol getraff, wou méi wéi 200 Pilote vun iwwerall op der Welt zesummekomm waren.

Seng Passioun huet 1993 ugefaangen. Deemools ass hien als Passagéier fir d'éischte Kéier mat engem Loftballon geflunn – bei der Weltmeeschterschaft, déi deemools zu Lëtzebuerg organiséiert gouf. An zwar an engem RTL-Ballon. “Ech hat op RTL Radio e Fluch gewonnen”, erkläert de Claude Hermes. Zanterhier hätt d’Faszinatioun fir Ballonen hien net méi lass gelooss. 2002 huet hie säi Pilotebrevet gemaach an zanterhier ass hie reegelméisseg an der Loft ënnerwee. Souwuel zu Lëtzebuerg, wéi och am europäeschen Ausland.

E Projet, bei deem et op Präzisioun ukënnt

E Loftballon ze steieren, ass eng Saach – e komplett neie Ballon ze bauen, eng ganz aner. Fir säin Equipement weider auszebauen, huet de Cercle Luxembourgeois de l'Aérostation de Bau vum neie Ballon bei enger Firma bei Tréier an Optrag ginn. D’Entreprise gehéiert zu den europäesche Leaderen an der Loftballonsfaart a këmmert sech ëm de ganze Prozess – vun A bis Z.

Well fir e moderne Ballon ze bauen, brauch et vill Knowhow. Bei de Materialien ass virun allem wichteg, datt se gläichzäiteg extrem robust a liicht sinn. D’Kierf ginn nach ëmmer op der Hand geflecht a bestinn aus Bannweid. Duerch déi geflechte Struktur ass d’Bannweid steif an awer extrem flexibel. Dat natierlecht Material wierkt dobäi wéi e Stoussdämpfer a kann och méi haart Landungen aushalen.

Och d'Brenner ginn do hiergestallt. Si sinn technesch op de Ballon ofgestëmmt a solle fir eng perfekt thermesch Stabilitéit suergen. De Montage an der Fabrik ass Präzisiounsaarbecht a gëtt vu spezialiséierte Fachleit gemaach – ëmmer am Respekt vun de Sécherheetsnorme vun der ziviller Aviatioun.

Fir e Pilot ass d’Aweiung vun engem neie Ballon vill méi wéi just eng Erneierung vum Equipement. Et ass e ganz emotionale Moment. Den éischte Vol an der Géigend vum Schlass Meesebuerg ass den Ofschloss vu ville Méint Plangen, Entwéckelen a Virbereeden.

E Ballon wéi dëse kascht ongeféier esou vill wéi e ganz schéinen Auto: ronn 75.000 Euro. Dofir siche Piloten ëmmer nees no Sponseren. An dësem Fall ass et d’Raiffeisen, déi de Projet ënnerstëtzt. Mat dëser Partnerschaft feiert d'Bank hiren 100. Anniversaire.

En Ekippesport

Nieft dem finanziellen Aspekt ass dës Aweiung och eng Geleeënheet, de staarken Teamgeescht an der Welt vum Loftballonsport ze feieren. Hannert all Start stécht nämlech eng ganz Ekipp um Buedem. Si preparéiert de Ballon, verfollegt de Vol a këmmert sech um Enn ëm d'Landung. Fir de Pilot ass et also net nëmmen en emotionale Moment, et ass eng gemeinsam Aventure.

Mat staarke Wandstéiss waren d'Konditiounen de 7. September allerdéngs éischter „limite“. De Claude wollt seng nei Spillsaach vun 3.000 Kubikmeter awer onbedéngt an d'Loft kréien. An dofir konnt hien op seng Ekipp zielen – déi wichteg „Suiveuren“ um Buedem. Dat sinn de Marc, de Marc an d'Bernadette, seng laangjäreg Equipieren. Si suivéieren d’Flich ëmmer mat engem 4x4 mat Unhänger. Well, wéi de Claude et treffend zesummefaasst: „Mam Ballon weess een ëmmer, wou ee start – mee ni, wou ee lant.“

Back to Top
CIM LOGO