
Den US-President Donald Trump huet op senger online Plattform Truth Social e KI-generéierte Video gedeelt, an deem hien en Tiger verfollegt, iwwerwältegt an dono mat ëm kuschelt.
De KI-Video orientéiert sech däitlech u Biller vun enger richteger Attack. An der originaler Opnam ass ze gesinn, wéi den 23 Joer ale William Chapman an den ofgespaarte Beräich vun engem Tiger am Yorkshire Wildlife Park bei Doncaster klëmmt an dobäi déidlech verletzt gëtt.
Den Trump hat de Video vun der Attack gedeelt an dobäi geschriwwen: "Leet Iech ni mat der Natur un! President DJT".
Kuerz drop huet hien déi KI-generéiert Versioun vu sech publizéiert, déi offensichtlech op deem selwechte Virfall baséiert. Dorops leeft den Trump dem Tiger no, geheit en op de Buedem a spillt duerno mat ëm. Zum Schluss ëmäerbelt hien d'Déier, wärend d'Lidd "The Lion Sleeps Tonight" am Hannergrond leeft.
An engem weidere Video stellt sech den US-President als Léiw duer, dee sech géint Hyänen a Schakalen duerchsetzt. Dobäi ginn och politesch Géigner wéi de fréieren US-President Barack Obama, d'Nancy Pelosi oder de Gouverneur vu Kalifornien Gavin Newsom gewisen.
D'Publikatioun huet op de soziale Medie fir Kritik gesuergt. Vill Benotzer hu bemängelt, datt den Trump ausgerechent eng déidlech Attack als Virlag fir e satireschen oder humoristesch gemengte KI-Video benotzt huet.