Vum "Sinners" RegisseurNeiverfilmung vun der Serie "The X-Files" fir Disney

AFP, iwwersat vun RTL
Déi original Serie hat d'Gillian Anderson an den David Duchovny an den Haaptrollen als FBI-Spezialagenten, déi mysteriéis Fäll mat paranormale Phenomener ënnersichen.
Disney huet d'Produktioun fir seng Streaming-Plattform Disney+ kaf.
© AFP

De "Sinners"-Regisseur Ryan Coogler wäert eng nei Versioun vun der Kultserie "The X-Files" fir Disney produzéieren. Wéi d'Firma e Mëttwoch matgedeelt huet, iwwerhuelen de brittesche Schauspiller Himesh Patel an d'US-Schauspillerin Danielle Deadwyler d'Haaptrolle vun den FBI-Agente Scully a Mulder.

Déi ursprénglech néng Staffele vun "The X-Files", déi tëscht 1993 an 2002 ausgestraalt goufen, waren e weltwäite Succès bei Kritiker an Zuschauer. D'Serie, déi vum Chris Carter kreéiert gouf, huet vill Präisser gewonnen, dorënner eng Rei Emmy Awards a Golden Globe Awards.

Déi lescht Fortsetzung vun der Serie war tëscht 2016 an 2018 ze gesinn.

De Ryan Coogler, deen och fir Filmer wéi "Creed", "Black Panther" an "Sinners", dat en Oscar krut, bekannt ass, huet de Pilot fir déi nei "X-Files"-Serie geschriwwen, realiséiert a produzéiert.

"Wat de Chris Carter kreéiert huet, ass eppes Besonnesches. Mir wollten alles respektéieren, wat déi original Serie fir esou vill Leit attraktiv gemaach huet, a gläichzäiteg eisen eegene Wee an dëser Welt fannen", esou den Ryan Coogler.

Déi ursprénglech "X-Files"-Serie vum Chris Carter hat d'Gillian Anderson an den David Duchovny an den Haaptrollen als FBI-Spezialagenten Dana Scully a Fox Mulder, déi mysteriéis Fäll ënnersichen, déi dacks mat paranormalen Phänomener a Verbindung bruecht ginn.

Den Himesh Patel war dëse Summer am Christopher-Nolan-Blockbuster "The Odyssey" ze gesinn an d'Danielle Deadwyler spillt an enger kommender Verfilmung vum Buch "The Bell Jar" mat.

Back to Top
CIM LOGO