Géint den als Kleesche verkleete Mann an Däitschland gouf eng Plainte wéinst geféierlecher Kierperverletzung gemaach.

Op engem Chrëschtmaart zu Stralsund am däitsche Mecklenburg-Vorpommern war et e Méindeg den Owend een Tëschefall mat engem véier Joer ale Jong an engem 62 Joer ale Mann ginn, deen als Kleesche verkleet war. De Jong, dee mat senger Famill ënnerwee war, hätt dem Mann deemno d'Zong rausgestreckt a krut doropshin eng mat der Rutt an d'Gesiicht geschloen. D'Kand gouf doduerch blesséiert.

Wéi d'Police matgedeelt huet, gouf géint de Mann, dee seng Aktioun als erzéieresch Moossnam ugesinn huet, eng Plainte wéinst geféierlecher Kierperverletzung gemaach.

De "Kleeschen" bestreit d'Virwërf allerdéngs. An engem Gespréich mat der Noriichtenagence dpa sot hien, hie wier "schockéiert", wat aus der Geschicht gi wier.

Nodeems de Jong him d'Zong e puermol erausgestreckt hätt, wier hien an d'Knéie gaange, fir dem Jong ze soen, datt sech dat net gehéiert. "Du weess, Kanner déi sech net schécken, deene klappt de Kleeschen op d'Box." Nodeems de Jong du mat engem "Du bass blöd" geäntwert hätt, hätt hien him mat de Rutt ee klenge Klaps op déi lénks Säit ginn, ma net an d'Gesiicht. De Jong wier erschreckt an d'Mamm hätt ugefaangen ze jäizen an hien ze beschëllegen, d'Kand ze schloen.