Lëtzebuerger am Ausland – E Liewen um Enn vun der Welt Den David Matgé wunnt an Argentinien zu El Chaltèn

Fabienne Zwally
Den David Matgé ass geléierten Beruffspompjee a virun 2 an engem hallwen Joer huet hien sech entschloss, d‘Welt ze bereesen. An huet elo seng nei Heemecht fonnt. An Argentinien, ganz ënnen am Süden. Hien huet sech a Patagonien verléift, d’Regioun vun den Extremen. Ganz ënnen um Wupp vu Südamerika.
Lëtzebuerger am Ausland: Den David Matgé wunnt an Argentinien zu El Chaltèn
Den David Matgé ass geléierten Beruffspompjee a virun 2 an engem hallwen Joer huet hien sech entschloss, d‘Welt ze bereesen.

En Duerf um Enn vun der Welt. Mat enger Strooss, déi eran an eraus féiert. Nëmmen 400 Meter iwwert dem Mieresspigel, mee Ausgangspunkt fir op ee vun den bekanntsten Bierger vun der Welt erop ze klammen. De Fitz Roy ass 3.405 Meter héich an technesch ee vun deenen Schwéiersten fir d‘Alpinisten. Zanter aner hallwem Joer wunnt den David elo hei.

Den David schafft fir eng Agence, déi guidéiert Biergtouren ubitt an ass dofir zoustänneg, dass d‘Clienten dat richtegt Material a genuch Proviant mat op hir Touren huelen. Vun Oktober bis Mëtt Abrëll ass d‘Haaptsaison fir den Tourismus. Dann wann op der Südhallefkugel Fréijoer, Summer an Hierscht ass. An dat mierkt een zu El Chalten, all Joer kommen ronn 250.000 Touristen wärend dem Summer.

Hie selwer schléisst sech och dacks mol engem Grupp un. Meeschtens ass dat dann, fir Gepäck vun de Clienten matzedroen, ma an engems och, fir méi iwwert d‘Bierger an den Alpinismus ze léieren. Seng nei grouss Passioun. Eng Formatioun an deem Beräich huet hien nämlech op El Chaltèn am Oktober 2024 gezunn an aus 3 Méint ass elo schonn iwwert e Joer ginn.

250 Kilometer läit El chalten vun der nächster grousser Stad an engem Flughafen ewech. E Liewen ofgeleeën, ma verbonnen mat der Natur. El Chalten ass e jonkt Duerf an den 80er Joren gebaut, well ëmmer méi Alpinisten dës Bierger wollten erklammen. El Chalten heescht iwwersat nämlech, de Bierg, dee fëmmt. A Moies fréi gesäit een dat Naturschauspill nees besonnesch gutt. Wann déi éischt Sonnestralen d‘Biergkulissen treffen, huet een d‘Impressioun, dass d‘Bierger a Flamen stinn an dat mécht et esou besonnesch. El Chaltén ass d‘Wanderhaaptstad vu Patagonien. Et ass ëmginn vu spektakuläre Bierger, Gletscher a Lagunen. An dat Bescht bei der Saach, d‘Wanderweeër ginn direkt aus der Stad aus fort. Et kënnt een bis bei den weltbekannte Bierg Fitz Roy, deen ee scho vu Wäitem gesäit, wann een an d‘Stad eragefuer kënnt. A grad dat mécht El Chaltén esou besonnesch: Natur leit virun der Hausdier an ass ee bis eng Kéier do, brauch een keen Auto méi. Dat reizt den David esou an dofir bleift en och lo mol nach gären hei.

Back to Top
CIM LOGO