Vakanz a bal tropesch TemperaturenPiscine, Sonn an Hëtzt: Wéi d’Leit zu Lëtzebuerg sech ofkillen

Philippe Dondelinger
Vill Leit profitéieren aktuell vun den héijen Temperaturen, ma et sollt een d'Sonn trotzdeem net ënnerschätzen.
Vakanz a bal tropesch Temperaturen
Piscine, Sonn an Hëtzt: Wéi d’Leit zu Lëtzebuerg sech ofkillen

D'Sonn brennt, d'Temperature klammen an zu Lëtzebuerg sichen d'Leit Ofkillung. Vill vun hinnen zitt et dofir an d'Schwämm.

Esou och zu Diddeleng, wou d'Piscine an de leschten Deeg gutt gefëllt ass. Kanner sprangen an d'Waasser, Famillje sichen eng Plaz am Schiet, anerer genéissen einfach d'Sonn an de Summer.

Ma net nëmmen zu Diddeleng ass vill lass, och aner Piscinnen am Land profitéiere vum flotte Wieder: vun der Coque iwwer Réiden, Miersch oder Beetebuerg bis an den Norden. Wann d'Temperaturen esou héich sinn, ass d'Waasser fir vill Leit déi beschten Ofkillung.

D'Sonn net ënnerschätzen

Ma bei deene waarmen Temperaturen ass och Virsiicht ugesot. Experten erënneren drun, genuch ze drénken, och wann een net direkt Duuscht huet. Virun allem Kanner an eeler Leit reagéiere méi séier op d'Hëtzt.

Och Sonneschutz ass wichteg. Et soll ee sech reegelméisseg acrèmen an eng Kappbedeckung droen. An et soll een net ze laang direkt an der Sonn bleiwen, dat virun allem an der Mëttesstonn. Dat bleift déi beschte Schutzmoossnam.

Back to Top
CIM LOGO