1986 eng éischte Kéier zu Bréissel geflunnDen EU-Fändel gëtt 40 Joer al

RTL Lëtzebuerg
E Freideg viru genee 40 Joer, den 29. Mee 1986, gouf den EU-Fändel déi éischte Kéier virum Kommissiounsgebai zu Bréissel eropgezunn.
© NICOLAS TUCAT/AFP

12 gëlle Stären op engem déifbloen Hannergrond: De Fändel vun der EU ass an Europa omnipresent. Et gesäit een en op offizielle Gebaier, um Pass, an um Boergeld. Viru 40 Joer ass en eng éischte Kéier zu Bréissel geflunn.

Entworf gouf de berüümte Fändel schonn an de 50er Joren a gouf vun 1955 un als offiziellt Embleem vum Europarot agesat. 1983 schléit dat europäescht Parlament vir, datt d'Europäesch Communautéit, de Virleefer vun der EU, de Fändel aféiert. 1985 geschitt dat dann och no enger Decisioun am Europäesche Rot. Den 29. Mee 1986 gouf de Fändel offiziell eng éischte Kéier virum Berlaymont-Gebai zu Bréissel fléie gelooss, dem Sëtz vun der Europäescher Kommissioun.

Déi 12 Stären, déi wéi d'Stonnen op enger Auer kreesfërmeg arrangéiert sinn, sollen d'Gläichberechtegung an d'Harmonie tëscht den EU-Länner symboliséieren. Anescht wéi den US-amerikanesche Fändel, wou all Stär ee Bundesstaat representéiert, huet d'Zuel vun de Stären um EU-Fändel allerdéngs näischt mat der Unzuel vun de Memberlänner ze dinn. Déi 12 Stäre solle villméi "Perfektioun a Ganzheet" symboliséieren, wéi et um Site vun der EU heescht. Déi gëlle Stären um bloen Hannergrond stinn iwwerdeems fir de westlechen Himmel.

D'Zeremonie vun der Aweiung vum EU-Fändel zu Bréissel am Joer 1986 fannt Dir hei:

Back to Top
CIM LOGO