Venus d’AilleursFirwat den Abdu Gnaba vu Lëtzebuerg faszinéiert ass

Jérôme Didelot
Philippe Dondelinger
Den Abdu Gnaba huet alles vun engem Showmaster: een, deen net nëmmen analyséiert, mee och begeeschtert.
Venus d’Ailleurs: Firwat den Abdu Gnaba vu Lëtzebuerg faszinéiert ass
Den Abdu Gnaba huet alles vun engem Showmaster: een, deen net nëmmen analyséiert, mee och begeeschtert.

Kee Wonner also, datt een den Abdu Gnaba reegelméisseg op franséische Radiosstatiounen héiert, oder op Konferenzen iwwerall an Europa gesäit.

Gebuer a Frankräich, huet den Ethnolog eng ganz speziell Familljegeschicht. Säi Papp kënnt aus Indien aus Puducherry. Seng Mamm ass an Algerien gebuer, an der Regioun Kabylei. Déi zwee hunn sech an Tunesien kennegeléiert a sinn duerno a Frankräich geplënnert. Eng Mëschung vu Kulturen, déi säi Bléck op d’Welt staark gepräägt huet.

Vun der Philosophie zur Anthropologie

Zu Nice huet den Abdu Gnaba seng Philosophie-Studien ugefaangen. No engem Ofstiecher an en Institut fir Ëmfroen ass hien zeréck op d’Uni gaangen, fir eng duebel Thees ze schreiwen: an der Anthropologie an an der vergläichender Soziologie. Eng Entscheedung, déi wéi hien och vill mat senger eegener Geschicht ze dinn hat.

Fir hien ass kloer: Ënnerscheeder sinn net e Problem, mee eng Chance.

Ufanks 2010 huet den Abdu Gnaba sech ëmmer manner wuel a Frankräich gefillt. Eng Gesellschaft, déi him ze vill vu Virurteeler gepräägt war. Fir den Ethnolog ass Lëtzebuerg méi wéi nëmmen eng Wunnplaz. Et ass e richtege "Labo". Wng Plaz, wou hien d’Entwécklung vun der Finanzplaz, der Industrie an d’Integratioun vun Auslänner analyséiere kann.
Fir hien ass et kloer: "Fir een, dee sech mat de mënschleche Relatioune beschäftegt, ass dat hei en Eldorado."

Diskretioun als Stäerkt

Aktuell schafft den Abdu Gnaba un engem Buch iwwer eng vun de grousse Lëtzebuerger Familljegeschichten: d’Famill Eischen hannert der Provençale. Wat hien dobäi besonnesch faszinéiert ass d’Diskretioun. Fir hien ass dat eng vun de gréisste Qualitéite vum Land. Grouss Entreprisen, déi entstinn ouni vill Kaméidi, mee mat vill Bescheidenheet.

Firwat bleift hien zu Lëtzebuerg? D’Äntwert ass einfach, well et him gutt deet. No ville Reesen, Interviewen a Konferenze fënnt hien hei Rou. Hei kann een, esou seet hien, souguer owes am Café engem Minister begéinen, ouni grouss Barrièren. Eng Saach, déi rar ginn ass.

"De beschte Port d’attache an Europa"

Fir den Abdu Gnaba ass Lëtzebuerg vill méi wéi just e klengt Land. Et ass e Punkt am Zentrum vun Europa – eng Plaz, déi verbënnt. Oder wéi hien et selwer seet: "Lëtzebuerg kann een als de beschte Port d’attache an Europa gesinn."

Eng Ausso, déi weist, datt heiansdo de beschte Bléck op e Land vun dobausse kënnt.

Back to Top
CIM LOGO