
Alpine wäert vun nächster Saison un als “Gucci Racing Alpine Formula One Team” un den Depart goen. Den Auto soll dann och an de klassesche Faarwe vu Gucci lackéiert (oder besser: gepecht) ginn. Wéi Gucci ënnersträicht, wier et déi éischte Kéier, dass e Luxus-Haute-Couture-Haus sech an deem Mooss an der Kinneksklass vum Motorsport engagéiert.
Gucci gehéiert zum franséische Kering-Konzern, an do huet zënter kuerzem een ale F1-Bekannten d’Soen. De Kering-CEO Luca de Meo stoung vun 2020 bis 2025 un der Spëtzt vum Renault-Konzern a war zäitweis och direkt oder indirekt fir d’F1-Ecurie Alpine zoustänneg. Den neie Sponsorskontrakt schéint also um ganz kuerzen Déngschtwee verhandelt ginn ze sinn.
Am offizielle Communiqué vun Alpine a Gucci gëtt iwwregens weder d’Lafzäit, nach de finanziellen Impakt präziséiert. Fashion-Insider wonnere sech awer iwwert dësen Engagement, well déi finanziell Situatioun vun der italieenescher Luxusmark net ganz roseg ass. Am éischte Quartal 2026 goung den Ëmsaz – ënnert anerem wéinst der Kris am Noen Osten – ëm 14 Prozent zeréck.