D'Schüler freeë sech, d'Noperen nennen et onnéidege Kaméidi: amplaz vun der üblecher Schell gëtt et an enger Schoul an Neiséiland Musek op d'Oueren.

Zanter enger Zäit ginn d'Schüler vun der Warkworth School an der Géigend vun Auckland mat Hits wéi "Thunderstruck" vun AC/DC oder och nach dem Ouerewuerm "Mah Na Mah Na" aus der Muppet Show an d'Paus geruff. D'Schüler freeë sech iwwer d'Musek, ma d'Noperen éischter wéineger.

Der Radioschaîne Radio New Zealand (RNZ) no hätten eng Rei Noperen eng Petitioun lancéiert, fir déi musikalesch Schell an der Schoul verbidden ze loossen. De Kaméidi géif si belästegen. D'Schüler wëllen d'Musek awer onbedéngt behalen. 95 Prozent vun de Kanner wieren derfir, an och d'Eltere géifen et flott fannen, esou de Schouldirekter dem Radio RNZ géigeniwwer.

D'Géigner vun der Schell haten eng Dezibel-Moossung an Optrag ginn, déi awer gewisen huet, datt d'Musek net ze haart wier. Fir de Fridden ze behalen, huet d'Schoul sech trotzdeem kompromëssbereet gewisen. De Volume gouf erofgedréint an d'Musek géif net méi esou laang spillen, heescht et ënnert anerem bei der Noriichtenagence Dpa.