Den "Zürcher Bal" huet eng laang Traditioun. Ëmmer op Chrëschtdag gëtt dëse Studentebal organiséiert. 

A wéi all Joer koumen och bei dëser Editioun nees ganz vill Jonker op de Kierchbierg an d'Ausstellungshal, fir e puer flotter Stonnen zesummen ze verbréngen. Riets geet vu no un 4.500 Leit.

Dës 62. Editioun war alt nees e grousse Succès. Mat de "Noisemakers" an ënner anerem dem DJ Nosi war fir Stëmmung gesuergt.