Ëm déi 700 Jonker am Alter vun 9 bis 16 Joer trieden zënter en Dënschden am FIRST Lego League Challenge géinteneen un.

Wéi den Numm verréit, huet e vun de gréisste Spillsaacheproduzenten an eng grouss ONG dëse Concours an d’Liewe geruffm fir Kanner a Jugendlecher fir Wëssenschaft an Technologie ze begeeschteren.

Hei am Grand-Duché sinn dëst Joer 66 Ekippe mat dobäi, mee de Concours leeft an insgesamt 110 Länner op der Welt.
Vun Oktober bis Februar schaffen déi Jonk an hire Schoulen, programméieren e Roboter a sichen sech e Fuerschungsprojet eraus, dee se um Dag vum Concours virun enger Jury presentéieren.

"Un der Lego League gefält mer einfach, dass se am ganze Cours kann agesat ginn. Dass souwuel an de Sproochen, an der Mathé an der Konscht, all Kand kann eppes dobäi setzen. Et gëtt kee Kand ausgeschloss. D’Kanner léieren einfach komplett anescht. Et ass net de Frontalunterrecht, de klassesche System. Mee et ass einfach flott, well si entdecke Saache, si komme mat den onméiglechste Saachen. An et kënnt een och selwer op Iddien, un déi ee guer net geduecht huet. Dat ass einfach faszinant, fannen ech." seet den Thierry Brück, deen eng drëtte Kéier mat enger Ekipp un der Lego League deelhëlt.

De Marc Ewerling ass zënter 27 Joer Enseignant an hëlt fir d’4. Kéier mat enger Ekipp deel. Hie fënnt ganz positiv, dass immens vill Kompetenzen an der Lego League gefuerdert ginn: "Et fänkt schonn u mat der Feinmotorik, fir kleng Saachen zesummen ze bauen. Raimlecht Denken, wéi bauen ech de Roboter zesummen, dass e funktionéiere kann um Spillfeld. Mathematesch, do si vill Domainer, wann e mat Längte schafft, Längtemoosse, Zäitmoossungen, Dimensiounen. Sprooch, Reegele liesen, Reegele verstoen, kommunizéieren an der Sprooch mateneen. Also et ginn enorm vill Kompetenzen ofgedeckt eleng an dem Beräich vun der Lego League. Dat ass positiv."

Organiséiert gëtt de Concours am Grand-Duché vum SCRIPT. Den Andy Arendt schafft als Enseignant an och an der Ekipp vum SCRIPT, déi d’Lego League organiséiert an hien ass beandrockt vum Verhale vun de Schüler : "Et ass flott ze gesinn, si sinn absolut net frustréiert, wann eppes net klappt. Ganz am Géigendeel si si vill méi motivéiert, ëmmer rëm Saachen nei ze probéieren, Saachen nei ze bauen, nei ze programméieren. An dat ass jo genau dat, wat mer an enger Schoul wëllen. Mir wëllen, dass se Spaass drun hunn. Mir wëllen, dass se motivéiert sinn. An ech fannen, dat ass einfach dat Bescht, wéi d’Kanner kënnen a solle léieren."

Den Donneschdeg wäert feststoen, wien op déi éischt 5 Plaze vum Concours am Grand-Duché wäert kommen. Déi éischt 3 Ekippen hu sech fir d’BeLux-Finall an der Belsch qualifizéiert.