Däitsche lieft 120 Deeg ënner Waasser

© AFP
Endlech duerft hien opdauchen: Den Däitsche Rüdiger Koch huet de Guinness-Weltrekord fir déi meescht Deeg ënner Waasser gebrach.
Ganzer 120 Deeg huet hien an enger Ënnerwaasserkapsel virun der Küst vu Panama gelieft. Den däitsche Rüdiger Koch huet e Weltrekord fir déi längst Zäit ouni Drockausglach ënner Waasser opgestallt. Den 59 Joer ale war e Freideg ënner den Ae vun der Schidsriichterin vum Guinness-Buch vun de Rekorder, Susana Reyes, aus sengem 30-Quadrameter-Heem am Mier opgedaucht. D'Reyes huet confirméiert, datt de Koch de fréiere Rekord vum US-Staatsbierger Joseph Dituri vun 100 Deeg ënner Waasser gebrach huet.
De Koch huet der AFP géigeniwwer vun enger "grousser Aventure" geschwat an erkläert, hien hätt seng Zäit ënner Waasser immens genoss. D'Vue aus de Fënstere vun der Kapsel, déi 11 Meter déif am Mier war, wier wonnerschéin, "wa sech alles berouegt an et donkel gëtt an d'Mier liicht". "Et ass onméiglech ze beschreiwen, et muss een et selwer erliewen", esou de Koch. Fir säi Rekord ze feieren, huet hien e Glas Schampes gedronk an eng Zigar gefëmmt, éier hien an d'Karibescht Mier gesprongen ass.
D'Ënnerwaasserkapsel louch eng 15 Minutte mam Boot ewech virun der Küst vun Nordpanama an hat nieft engem Bett an enger Toilette och e Fernsee, e Computer an Internet souwéi en Trainingsvëlo - just eng Dusch gouf et net. D'Kapsel ass mat enger Trap mat anere Kummeren iwwer Waasser verbonnen. Esou konnt de Koch ënner Waasser mat Liewensmëttel versuergt ginn a krut och Besuch. Elektresch gouf et duerch Solaranlagen.