Huet Nutella erfonnt
Francesco Rivella am Alter vu 97 Joer gestuerwen

© HENDRIK SCHMIDT / dpa Picture-Alliance via AFP
Ville Leit seet deen Numm näischt, mee a Verbindung mat enger bekannter Mark vun italieeneschem Schockelasbotter da schonn.
Den italieenesche Liewensmëttelchemiker huet nämlech viru 60 Joer zesumme mam deemolege Firmechef Michele Ferrero d'Zesummesetzung vun Nutella entwéckelt. De Virgänger-Produit, deen ewell am 19. Joerhonnert erfonnt gouf, huet iwwerdeems Supercrema geheescht.
De Francesco Rivella ass elo am Alter vu 97 Joer verscheet, op den Dag 10 Joer nom Doud vum Chef vum Ferrero-Grupp. De Séissegkeeten-Welt-Konzern huet säi Siège um Findel.
Am meeschte gelies