Vu Mee 1972 bis Mee 1988 huet den Axel Fitzke bei RTL geschafft - Bei "Radio Luxemburg" an zu Bartreng bei RTL Plus.

Zu Buerglënster wunnt zanter 1976 den Axel Fitzke. Hei sinn och seng zwee Kanner, d’Kim an de Ken, grouss ginn. Bei him doheem hu mir eis iwwer déi vergaangen Zäit vu "Radio Luxemburg" an d’Ufankszäit vun RTL Plus ënnerhalen.

Vun Hamburg iwwer Los Angeles op Lëtzebuerg

Den Axel ass gebierteg vun Hamburg. No senger Geselleprüfung ass hien 1964 vun Norddäitschland op Los Angeles geplënnert. Zesumme mat engem Kolleeg ass den Axel bei deem säi Brudder op Long Beach, eng Uertschaft a Kalifornien, wunne gaangen. Hei huet hien ugefaangen, Radio ze maachen. "KTYM" huet de Sender geheescht. All Sonndeg konnt den Axel Fitzke do wärend 10 Minutten d’Nolauschterer animéieren.
 
"Dann dachte ich, 'oh, Radio Luxemburg, der war ja damals DER Sender überhaupt. Da möchte ich eigentlich hin.' Da hab ich einen Mitschnitt von meiner Sendung in L.A. anfertigen lassen und nach Luxemburg geschickt."

E Retour huet den Axel deemools net kritt an huet decidéiert an d’Villa Louvigny unzeruffen. De Frank Elstner hat hien dunn um Telefon an dee sot zu him "wenn Sie mal in der Gegend sind, kommen Sie mal vorbei." An dat huet den Axel sech net zwee Mol soe gelooss.

An engem Studio vun der Villa huet den Axel dunn eng Emissioun nospille mussen. D’Aufgab war et, sech virzestellen - et wier moies 7.30 Auer an e misst d’Leit aus de Better kréien. "Das gefiel dem Frank und so bin ich dann schliesslich hier bei Radio Luxemburg gelandet", erzielt mir den Axel voller Freed iwwer seng Ufankszäit beim däitsche Radiosprogramm vun RTL.
 
Den 3. Mee 1972 huet den Axel Fitzke bei de "Vier fröhlichen Wellen von Radio Luxemburg" ugefaangen. "Es war eine wunderbare Zeit. Es hat mir viel Spass bereitet. Es war mit meiner schönsten Zeit in meinem bisherigen Leben", sou schwäermt de Speaker vu "Radio Luxemburg" iwwer seng Radioszäit hei zu Lëtzebuerg. Bis de Mee 1988 huet hie fir RTL geschafft.
 
Op UKW ugefaangen, mam Zil op der Mëttelwell ze senden
 
All neie Mataarbechter bei "Radio Luxemburg" huet fir d’éischt op der UKW-Frequenz ugefaange mat senden. "Hier konnte ich mich so richtig schön verwirklichen", sou den Axel am RTL-Interview. Op der Mëttelwell, 1440 kHz (Kilohertz), wollt all Animateur méi spéit mol Radio maachen - sou och den Axel. "Da hatten wir die meisten Zuhörer. Da habe ich mich langsam hochgekämpft."

An den Axel ass schlussendlech bei engem Millioune-Publikum, déi den däitsche Radiosprogramm vun RTL an de 60er, 70er an 80er Joren hat, ukomm.

Vum "Doppel Axel", bis "Der fröhliche Wecker" oder ënner anerem "Die grossen Acht" huet den Axel Fitzke bei "Radio Luxemburg" all déi grouss Radiosemissioune moderéiert. "Die vier fröhlichen Wellen von Radio Luxemburg" goufe souguer fréier heemlech an der DDR gelauschtert.
 
"Seid kreativ!"
 
Dat huet de Frank Elstner, Programmdirekter vu "Radio Luxemburg" vun 1973 bis 1982 vu senge Mataarbechter gefuerdert. "Versucht was umzusetzen. Wenn’s nicht klappt, nehmen wir’s von der Antenne." Dëst huet de Programmdirekter de Speaker wei e Flou an d’Ouer gesat. "Das hat Radio Luxemburg ausgemacht. Diesen besonderen Flair." Sou erzielt mir den Axel Fitzke d’Erfollegsgeschicht vum Radiosender. A weider: "Der Zuhörer merkt ob das was du machst von Herzen kommt oder ob das aufgesetzt ist." Wei eng grouss Famill hunn sech d’Mataarbechter an d’Mataarbechterinne vun RTL deemools verstanen. Dëst Gefill konnten si och iwwer de Radio transportéieren.
 
"Ich habe mich nie als Star gefühlt"
 
"Radio Luxemburg, die 4 fröhlichen Wellen" hat markant a bekannte Stëmmen: D'Helga Guitton, de Rainer Holbe, de Jochen Pützenbacher, de Rolf Röpke, d'Haidy Jacoby, de Metty Krings, d'Kristina Hertel, d'Monika Georges, de Björn-Hergen Schimpf a ganz vill anerer hunn de Sender markéiert.

Als Star huet den Axel sech ni gefillt - weder beim Radio nach duerno bei der Tëlee. "Ich war glücklich und zufrieden, wenn ich morgens dem Zuhörer ein kleines Lächeln abringen konnte." Esou beschreift mir den Axel Fitzke säi Beruff. Um Wee op d’Aarbecht huet hien ëmmer gepaff, vun Zefriddenheet.
 
Musek selwer zesummegesat
 
Ier et eng Museksredaktioun gouf, huet all Animateur seng Musek fir d’Emissioun sëlwer zesummegesat. Bei sech doheem huet den Axel sech d’Museksstécker ugelauschtert an da fir déi nächst Emissioun erausgesicht. "Für eine Sendung von einer Stunde brauchte mann 16 Titel", erkläert mir den Axel. "Die letzte Platte war dann immer instrumental. Die führte mich zu den Nachrichten ran." Op dës Manéier huet keen Titel missen ënnerbrach ginn.
 
Januar 1984: Ufank vun RTL Plus

Méindes den 2. Januar owes kuerz viru 17.30 Auer goung RTL Plus eng éischte Kéier op Sendung. U Bord waren deemools all déi bekannte Gesiichter vum Radio. "Da ihr sowieso tagsüber Radio macht, könnt ihr dann abends nochmals Fernsehen machen", sou soll den deemolege Chef vum däitsche Programm, den Dr Helmut Thoma, zu senger Ekipp gesot hunn.

"Wir waren als Waschmittelsender abgestempelt. Darüber konnten wir schmunzeln." Beschreift den Axel Fitzke d’Ufankszäit vun RTL Plus zu Lëtzebuerg. Vu Bartreng aus de Studioe vun RTL Productions koumen d’Sendunge bis 1988, duerno goung et op Köln.
 
Vum "Badewannentango" bis "Ein Tag wie kein anderer"
 
Och den Axel Fitzke war Deel vun der Ekipp. Zesumme mam Rainer Holbe war hie beim "Badewannentango" dobäi. Dëst ware Sketcher, déi ëmmer kuerz virun den Noriichte koumen. Opgeholl goufe si beim Axel Fitzke doheem. An der Buedbidde vu sengem Buedzëmmer. "Wir haben uns nie groß vorbereitet. An einem Tag wurden immer gleich ein paar Sketche aufgezeichnet."

"Kim, meine Tochter, die ging damals noch zur Schule und fuhr mit dem Schulbus zur Schule. Und dann hieß es in dem Bus immer: Kim, wir haben deinen Vater wieder nackt gesehen. Peinlich."
 
Bei der Reesemissioun "Ein Tag wie kein anderer", déi grousse Succès um Radio mam Jochen Pützenbacher kannt huet, gouf et och um Fernsee. Hei war den Axel Fitzke vill ënnerwee, fir Reportagen aus den eenzele Länner, an déi een eng Rees gewanne konnt, ze maachen. "Das war die Königsdisziplin. Wir sind durch die ganze Welt geflogen. Dafür bekam ich noch ein Gehalt und hatte viel, viel Spaß dabei. Ich habe alles gesehen", sou den Axel am RTL-Interview.
 
Wärend mengem Besuch beim Axel zu Buerglënster bliedert hien och duerch al RTL-Hefter. Dobäi kennt den haut 81 Joer ale Mann ëmmer erëm an d’Schwäermen.