Op Däitsch "Peppa Wutz"
D'Zeechentrickfigur "Peppa Pig" kritt nach e Geschwëster

Déi beléifte Kanner-Emissioun, déi a méi wéi 40 Sproochen iwwersat gëtt, erzielt d’Geschicht vum Peppa a senger Famill.
Aktuell huet d’Peppa nach ee klenge Brudder, den George. Ma no zwee Joerzéngten an där Formatioun sollen d’Peppa an den George méi spéit dëst Joer nach e weidert Geschwëster kréien.
Dat gouf vun der Stëmm vun der Mummy Pig an der Moies-Emissioun op der brittescher Tëlee annoncéiert. D’Peppa Pig gëtt et zanter 2004 a gëtt antëscht a méi wéi 180 Länner gekuckt.
Am meeschte gelies