Pro Dag brauch een als Tourist am Grand-Duché e Budget vun 169€

© RTL Grafik
Datt eng Vakanz keng bëlleg Affär ass, ass gewosst. D'franséisch Online-Vergläichsplattform HelloSafe setzt lo Zommen drop.
Sou brauch en Tourist an der Moyenne den Dag e Budget vun 169 Euro, wann hien am Grand-Duché ënnerwee ass.
Domat läit Lëtzebuerg op der 4. Plaz vun den déckste Rees-Budgeten an europäesche Länner, hannert der Schwäiz, Frankräich an Island.
An Däitschland läit déi Zomm bei 139 Euro, a Frankräich sinn et 181 Euro den Dag pro Tourist.
Dat ass awer näischt par Rapport zu anere Reesdestinatiounen: fir d'Karibik-Insel Barbados brauch een e Budget vun 318 Euro den Dag, fir d'Malediven am Indeschen Ozean sinn et 258 Euro an der Moyenne, fir d'USA 239 Euro, fir Grönland 213 Euro a fir de Katar z.B. 182 Euro.
Am Ranking vun de 15 deierste Vakanzendestinatioune gëtt et mat der Schwäiz (Dagesbudget vun 241 Euro) just een eenzegt europäescht Land.
Déi komplett Informatioune fënnt een op hellosafe.com
Op där anerer Säit vun der Budget-Forschett leien asiatesch an afrikanesch Länner, wou et déi klengst Rees-Portmonnie sinn: sou kascht et en Tourist am Laos 15 Euro an der Moyenne fir en Dag ze verbréngen, 20 Euro am Ruanda, 23 Euro an der Mongolei a ronn 35 Euro op Kuba, an Indien, dem Malawi oder dem Nepal.
Fir d'Berechne vum Rees-Budget an 131 Länner huet den Onlinesite d'Ausgabe fir den Hebergement, de Kascht an de lokalen Transport consideréiert. D'Transportkäschte fir op d'Destinatioun ze kommen, sinn net abegraff.