E Samschdeg den Owend gi weltwäit um 20.30 Auer d'Luuchten ausgeschalt, fir e gemeinsaamt Zeeche fir de Klimaschutz ze setzen.

"Liicht aus. Stëmm un. Fir e liewege Planéit." Ënnert deem Motto ass e Samschdeg 22. Mäerz déi nächst Earth Hour. Iwwerall op der Welt ginn dann um 20.30 Auer an de jeeweilegen Zäitzone fir eng Stonn d'Luuchten ausgemaach.

D'Earth Hour ass 2007 vum australesche WWF an d'Liewe geruff ginn fir eisem Planéit symbolesch ze hëllefen. Weltwäit sollen d'Leit sensibiliséiert ginn, fir Stroum ze spueren an esou eppes fir de Klimaschutz ze maachen.

Och Lëtzebuerg hëlt un dëser globaler Beweegung fir de Klimaschutz deel. D'Ekipp vun der Jugendherberg an der Stad invitéiert um 18.00 Auer op e guidéierten Tour duerch d'Stad, suivéiert vun engem 3-Gäng-Menü bei Käerzeliicht.

Fannt HEI d'Detailer vum Event.