Italieenesch Zeitung gëtt vu KI geschriwwen

© ilfoglio.it
Kënschtlech Intelligenz amplaz vu Journalisten. D'Dageszeitung "Il Foglio" gëtt e Mount laang vun enger KI opgesat.
Eigentlech war et just eng Fro vun der Zäit, bis ee mat där Iddi kënnt. Déi italieenesch Dageszeitung "Il Foglio" gëtt elo e Mount laang vun enger kënschtlecher Intelligenz geschriwwen. Normalerweis huet d'Zeitung 10 Säiten - an der KI-Versioun huet se der just 4.
Texter an Iwwerschrëften, Zesummefaassungen a wichteg Zitater gi vun der artificieller Hëllef erausgesicht. Aus der Chefredaktioun heescht et, dass d'Journaliste just nach géingen d'Froe stellen. D'Äntwerten dorop komme vum Computer - ginn awer virum Drock nach emol vun de Responsabele kontrolléiert.
Bis ewell hat nach keen de Mutt, dëse Schratt ze goen. Wuel gëtt et am Internet verschidde Portaler, déi mat renge KI-generéierte Säiten operéieren. Eng physesch Zeitung, déi vun enger kënschtlecher Intelligenz geschriwwe gëtt, ass dogéint ganz nei. D'Aktioun suergt fir e groussen Echo an der Mediewelt. Op eng gewësse Manéier ass et och eng Provokatioun. "Il Foglio" mécht eng Zeitung, déi een eigentlech och doheem um eegene Computer kéint bastelen.
Eng kleng Zeitung wéi de Foglio ka sech esou en Experiment leeschten. Et ass interessant, well gläichzäiteg déi final Responsabilitéit an den Hänn vun de Journaliste bleift. Nach huet de Mënsch dat méi grousst Wëssen, a kann zur Nout agräife wann d'KI mat hiren Daten widder eng Mauer stéisst. Kritesch Froe bleiwe natierlech net aus, suergen awer bis elo och net fir iwwerdriwwe vill Polemik.
D'Konsumente stinn der Saach éischter skeptesch géintiwwer, mä si loossen d'Saach mol op sech duerkommen. Bei Theme wéi z.B. der Meteo wier d'Akzeptanz fir KI-generéierte Contenu méi héich. Bei politesche Sujeten dogéint wier et dem Lieser awer nach ëmmer léiwer, wann déi Artikele vun engem richtege Journalist géife geschriwwe ginn. An engem Mount wäert "Il Foglio" e Bilan zéien.