Motocyclist brécht Autoschauffer zu Tréier d'Nues

© AFP/Archiv/Odd ANDERSEN
E Méindeg am Nomëtteg koum et zu Tréier zu engem éischter ongewéinlechen Tëschefall. Ee Motocyclist hat d'Nerve verluer an ass gewalttäteg ginn.
Op der B49, déi tëscht dem Verteilerkreis-Nord a Konz laanscht d'Musel duerch Tréier féiert, krute sech e Méindeg e Motocyclist an een Autoschauffer an d'Hoer. Fir d'éischt war et zu enger echaufféierter Diskussioun tëscht deenen zwee komm, déi sech der Matdeelung vun der Police no iwwer hir "ënnerschiddlech Fuerweisen" beieneen opgereegt hätten. De Sträit ass du bei engem Busarrêt eskaléiert.
Den Autoschauffer hätt de Motocyclist wärend dem Sträit vu sech fortgedréckt an hien opgefuerdert, fortzegoen. Doropshin huet de Motocyclist dem Autoschauffer mam Fouss an d'Gesiicht getrëppelt an him dobäi d'Nues gebrach. No der Dot huet de Motocyclist sech aus dem Stëbs gemaach.
D'Police huet nom Virfall d'Ermëttlungen opgeholl. En Deel vun der Motosplack ass bekannt. Wien zu Tréier op der Plaz war an eppes gesinn huet, ass gebieden, sech bei der Polizeiinspektion Trier ze mellen (Anna-Lea.Cavelius@polizei.rlp.de, Telefon: 0049 651-983-0).