Eng Depanneuse, déi eng Depanneuse ofschleeft, déi en Auto ofschleeft, gesäit een net dacks. Bei der Kontroll sollt awer net d'Gewiicht de Problem sinn.

Der Police vun Herne huet sech leschte Freideg en ongewéinlecht Bild gebueden. Géint 16.10 Auer war d'Depanneuse enger Patrull an der Baukauer Strooss opgefall. Den 12-Tonner hat eng méi kleng Depanneuse gelueden, op där en Auto war.

Bei der Kontroll huet de Chauffer vun der Depanneuse erkläert, datt déi kleng Depanneuse e Platten op der Autobunn hat an net weider fuere konnt. Den 12-Tonner war mat béide Gefier zwar schwéier belueden, awer net iwwer der Limitt. De Problem bei der Saach war awer - datt d'Fuererlabnis fir déi Klass vu Gefierer an d'Qualifikatioun fir de Beruffscamionneur vum 44 Joer ale Chauffer schonn e puer Joer ofgelaf waren an hien net hätt dierfe mat der Depanneuse fueren.

D'Police huet de Mann an d'Firma protokolléiert. Weider fueren duerft de Mann natierlech net.