Täschenauer vun Titanic-Passagéier gëtt a Groussbritannien versteet

© Henry Aldridge and Son Ltd / AFP
Eng vergëllen Täschenauer, déi engem Passagéier vun der Titanic gehéiert huet, kënnt Enn Abrëll a Groussbritannien ënnert den Hummer.
"D'Auer ass an deem Moment stoe bliwwen, wéi net just hire Besëtzer, mä och dat berüümtste Passagéierschëff vun der Welt, d'Titanic, am kalen Nordatlantik ënnergaangen ass", huet den Andrew Aldrige vum Auktiounshaus Henry Aldridge and Son Ltd erkläert. Do gëtt d'Auer de 26. Abrëll versteet.
D'Täschenauer huet dem dänesche Passagéier Hans Christensen Givard gehéiert. Hien hat deemools 27 Joer wéi hien zesumme mat 2 Frënn wollt an d'USA reesen. Seng Läich gouf nom Ongléck aus dem Nordatlantik gebuergen. A sengen Täschen hat hien deemools ënner anerem e Spuerbuch, e Schlëssel, e Portmonni souwéi déi vergëllen Täschenauer, déi aus Sëlwer a Koffer besteet. De Besëtz koum zeréck bei d'Famill vum Mann, och d'Auer, déi elo verkaaft gëtt.

© Henry Aldridge and Son Ltd / AFP
Beim Auktiounshaus geet een dovun aus, dass se ëmgerechent fir 58.000 Euro wäert de Besëtzer wiesselen.
Och aner Objete kommen ënnert den Hummer, zum Beispill e seelene Ticket fir déi drëtt Klass an eng Gei. Allerdéngs staamt d'Gei aus dem berüümten Hollywoodfilm "Titanic" aus dem Joer 1997, déi wärend dem Tournage benotzt gouf. Hei gëtt sech e Präis vun ëmgerechent 70.000 Euro erwaart.
Schonn d'lescht Joer gouf am selwechten Auktiounshaus eng Auer versteet an dat fir eng Rekordzomm vun ëmgerechent 1,38 Milliounen Euro. Et huet sech hei ëm d'Auer vum räichsten Titanic-Passagéier gehandelt.
D'Titanic war am Abrëll 1912 um Wee vum englesche Southampton a Richtung New York ënnergaangen, nodeems d'Schëff en Äisbierg ze pake krut. 1.500 Mënsche sinn deemools ëmkomm.