E fréiere Nato-Bunker ass zu engem Entrepôt ëmgebaut an amenagéiert ginn, läit kuerz hannert der Grenz a sicht en neie Besëtzer.

Den ongewéinleche "bien rare" läit an der Gemeng vu Gouvy, déi zur Province de Luxembourg gehéiert. No un der Autobunn E25, am lëtzebuergesche Grenzgebitt, offréiert dësen Ex-Bunker vun der Nato vill Plaz a vill Sécherheet.

RTL

© bc-immo.be

D'Surface habitable läit bei 625m2, de Plaffong ass 6,3 Meter héich, de ganzen Terrain huet eng Gréisst vu knapp 20 Ar, sou dass bis zu 20 Parkplaze méiglech sinn. Falls dobanne keng Plaz méi sollt sinn. Eran an de Bunker geet et duerch Tonne schwéier gepanzert Dieren, duerch déi souguer e Camion erafuere kann, zum Beispill fir Wueren ze liwweren, déi do stockéiert solle ginn. Fréier war hei Munitioun gelagert.

RTL

© bc-immo.be

380 Volt-Uschloss a Waarmloftheizung gehéieren zum Equipement vun dëser eemoleger Wunngeleeënheet. Offere ginn entgéintgeholl vun 375.000 Euro un. A wiem dee Bunker ze kleng ass oder einfach ze gutt gefält, dee ka fir dee selwechte Präis direkt hannendru nach en zweeten dobäi kafen. Eenzeg Konditioun, op déi een oppasse muss: de Bunker läit an enger Zone d'activités économiques, also muss fir de Bien eng professioneller Aktivitéit proposéiert ginn.

RTL

© bc-immo.be

HEI d'Annonce vun der ongewéinlecher Offer.