Vermësste Fra no méi wéi 62 Joer nees opgedaucht

© Symbolbild vun AFP
Zanter Juli 1962 gouf d'Audrey Backeberg an den USA vermësst. Elo konnt d'Police no méi wéi 62 Joer den Dossier zoumaachen.
Déi vermësste Fra ass an engem anere Bundesstaat lokaliséiert ginn. Si géif liewen an et géif hir gutt goen, heescht et vun der Police vu Sauk County am US-Bundesstaat Wisconsin.
D'Audrey Backeberg war am Juli 1962 verschwonnen. Déi deemools 20 Joer al Fra huet mat hirem Mann an hiren zwee Kanner an der klenger Stad Reedsburg gelieft. Aus der Enquête war ervirgaangen, datt si wuel op eegene Wonsch verschwonne war an et kee kriminellen Hannergrond géif ginn an och kee Verbrieche virléich.
Wéi BBC mellt, hätt d'Audrey Backeberg kuerz virun hirem Verschwannen eng Plainte gemaach géint hire Mann, dee si am Alter vu 15 Joer bestuet hat. Hien hätt si geschloen a gesot, hie géing si ëmbréngen. Verständlech also, datt d'Fra sech aus dem Stëbs gemaach huet.