Den Dram vum Fléien
Wësst Dir, wat e Gyrokopter ass?
U sech ass et eng Mëschung aus Helikopter a Fliger. De Georges Fohl an de Luc Dirckes hu sech hire Kandheetsdram erfëllt a fléien elo dës Maschinnen.
Wat ass dat genee a wou kann een esou eppes léieren? Déi zwee Gyrokopter-faszinéiert Piloten hunn eis mat op Saarlouis op d’Airbase geholl an eis alles iwwert dës impressionnant Maschinnen erzielt. Wéi flitt esou eppes, wéi sécher ass esou e Fluchgerät a wéi laang brauch een, fir de Piloteschäin ze maachen?
Wie sech an der Sport-Fligerei säin Dram wëll erfëllen, kënnt hei manner deier ewech ewéi wann e sech fir en anert Fluchgerät entscheet hätt. Den Dram vum Fléien ass bei deenen zwee an Erfëllung gaangen.
©
Philippe Dondelinger
©
Philippe Dondelinger
©
Philippe Dondelinger
©
Philippe Dondelinger
©
Philippe Dondelinger
©
Philippe Dondelinger
©
Philippe Dondelinger
©
Philippe Dondelinger
©
Philippe Dondelinger
Gyrocopter zu Lëtzebuerg (10.6.25)
© Philippe Dondelinger
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies