Eng Mamm vu Bochum huet e Mëttwoch eng Schrecksekonn erlieft, wéi si hiert klengt Meedchen ongewollt an engem zouenen Auto bei bal 30°C agespaart huet.

D'Pompjeeë vu Bochum sinn e Mëttwoch um 14 Auer an den Asaz geruff ginn, nodeems eng jonk Mamm onabsichtlech hiert véier Joer alt Meedchen am Auto agespaart hat. Sämtlech Versich vun der Fra, fir den Auto opzekréien, si gescheitert a si hat och keen Ersatzschlëssel bei sech.

D'Meedche war fest am Kannersëtz ugestréckt a konnt duerfir och net den Auto vu bannen opspären.

Well et zu där Zäit bal 30°C waren, hunn d'Pompjeeë missen op de Parking bei der Kierch kommen, fir den Auto sécher opzekréien. Dëse stoung glécklecherweis am Schiet an d'Meedche war, sou d'Pompjeeën, a beschter Laun.

Mat Hëllef vun engem laangen Drot konnten d'Beamten op der Plaz duerch d'Fënster vum Auto fueren a sou de Schlëssel, deen um Bäifuerersëtz louch, un d'Meedche weiderginn. No puer Uweisungen huet hatt et du fäerdeg bruet, den Auto vu bannen opzemaachen an de Problem sou ouni weidere Schued ze léisen.