Een Dag am Liewe vun enger Bréifdréiesch
D'Jessica Haine ass zanter bal 26 Joer Bréifdréiesch an de Loïc Juchem huet et wärend engem Schaffdag begleet.
No der Arméi huet sech d’Jessica Haine Fro gestallt, wéi eng berufflech Carrière et wéilt aschloen a sou koum si bei d’Post. Zanter 13 Joer huet et seng Tournée elo um Houwald, respektiv zu Bouneweg. All Moie geet et um 6 Auer lass a géint 14 Auer ass d’Schicht dann eriwwer. Lass geet et mat Bréiwer sortéieren, déi a Këschte geliwwert ginn. Schonn zu Beetebuerg goufe se maschinell am Centre de Tri de Stroossen no geluecht an elo am Distributiounszenter op der Cloche d’Or gëtt alles sou sortéiert, wéi de Verlaf vum Jessica senger Tournée et virgesäit. Alles an allem ginn et am Grand-Duché eng 475 Bréifdréier. Wie Bréifdréier wëll ginn, mellt sech bei der Post. Eng Woch ass een da mat engem Formateur um Terrain ënnerwee, duerno huet een zwou Woche laang eng theoretesch Formatioun an der Postschoul an en zousätzlechen Examen. Direkt duerno geet et dann nach emol mam Formateur zwou Wochen op den Terrain. Et gi Bréifdréier als Fonctionnairen, Employés de l’État a Salariés. Zanter 2009 ginn nëmmen nach Salariéë bei de Bréifdréier agestallt.
Bei der Post ginn et 349 Tournéeën, organiséiert ginn déi an deenen 9 Centres de Distribution. (Fëschbech, Angelduerf, Miersch, Wecker, Réimech, Wandhaff, Cloche d’Or, Käerjeng a Beetebuerg.) 30 vun deenen Tournéeë ginn awer och mat engem sougenannte Paxster gefuer, et ass eng Zort elektroneschen TukTuk a fir dem Loïc säin Dag bei der Post war dat e richtegen Highlight. Heimat fiert d’Jessica säin Tuer dacks ganzt Joer iwwer of, och bei schlechtem Wieder.
Natierlech schafft et am léifste wann d’Sonn schéngt, zemools wann et permanent reent, wier dat schonn e bëssen ermiddend, mee dofir hätt ee jo déi richteg Kleedung. Apropos Kleedung: fir een Dag bei der Post ze schaffen huet de Loïc och mussen déi néideg Kleedung kréien. Dofir hat hien e RDV an der Kleedermass, et ass eng Zort Kleederbuttek um Site vun der Post, mat nëmme Post-Kleeder. Hei ginn d’Mataarbechter aus all de Servicer hin a ginn agekleet. Sief dat e Guichets-Mataarbechter, een dee bei de Maschinne schafft oder de Bréifdréier. An der Moyenne gi bei der Post ronn 30.000 Päck den Dag traitéiert, wouvunner d’Hallschent vun de Livreure verdeelt ginn, 30% iwwert d’Bréifdréier an 20% iwwer d'PackUp-Statiounen. Pro Dag kommen zu Beetebuerg am nationale Centre de Tri ëm 400.000 Bréiwer un (esouwuel grouss an kleng Formater). Dovunner kréien d’Bréifdréier ëm déi 300.000 Bréiwer den Dag mat op hir Tournée.