Fra an Nordrhein-Westfalen kritt Kand virun Entréesdier

© AFP Symbolbild
Zu Essen huet d'Police missen ënner Beweis stellen, dass si och an ongewéinleche Situatiounen eng Hëllef sinn.
Eng Fra huet do nämlech an der Entrée vun enger Hausdier hiert d'Kand op d'Welt gesat. E Beamten an eng Beamtin hunn der Fra e Méindeg gehollef, nodeems hinne fir unzefänken emol en Auto opgefall war, deen an der zweeter Rei geparkt war an och gehënnert huet. Ma d''Situatioun huet sech séier al ganz anescht erausgestallt, am Auto war eng Fra mat staarke Wéien. Mat am Auto souzen deen Ament nach den zukünftege Papp a Groussmamm.
Fir der Fra e bësse méi Privatsphär ze ginn, hunn d'Polizisten decidéiert, si an d'Entrée vun engem Haus ze bréngen. A genee do huet de Puppelchen dunn och d'Liicht vun der Welt erbléckst. Eng Ambulanz gouf geruff an déi frëschgebake Famill koum an d'Spidol.
E puer Deeg méi spéit huet de Papp dann och perséinlech bei der Police Merci gesot. Der Mamm an dem Meedche ginn et gutt.