Déi europäesch Deeg vun der Archeologie sinn eng Initiativ vum franséische Kulturministère mat Ënnerstëtzung vum Europarot, déi säit 10 Joer besteet.

Am Kader dovunner goufen dofir dëse Weekend eng Rei Visitten am Land organiséiert, dat fir de Leit de Lëtzebuerger Patrimoine méi nozebréngen an hinnen d’Méiglechkeet ze bidden, archeologesch Plazen ze gesinn, déi normalerweis net all Dag fir de Public zougänglech sinn.

En Donneschdeg de Moie war déi éischte vun dësen archeologesche Visitt an dat am Ausgriewermusée zu Nouspelt. Hei krut de Grand-Duc Henri déi sëlleg Sammlunge vum Musée am Detail gewisen an d’Geschicht vun den ausgestallten Objeten erzielt. Duerno goung et du bei sonnegem Wieder eraus op de Site vun der gallo-réimescher Villa. Och hei krut de Grand-Duc Henri eng perséinlech Visitt vum Lieu.

Eng aner Visitt, ouni Grand-Duc, gouf et e Samschdeg Moien um Tëtelbierg am Süde vum Land. Bei enger Wanderung duerch d’Natur, krut een hei d’Geschicht vun dëser historescher Plaz an hirer archeologescher Ausgriewungsstätt erzielt.

E Sonndeg goung et du weider um Site Mansfeld a Clausen, wou d’Iwwerreschter vun enger aler Villa aus dem 16. Joerhonnert stinn. Vun der imposanter Villa mat Park ass haut net méi ganz vill z'erkennen an am Normalfall kann een de Site och just duerch kleng Kucklächer an enger Infomauer gesinn. De Guide Jean-Luc Mousset huet d’Leit iwwert eng Stonn mat Informatiounen iwwert dësen historesche Lieu ënnerhalen.

"Dee Site ass ganz wichteg, well en eng ganz villsäiteg Geschicht huet. Et war eent vun deene bedeitendste Schlässer aus där Zäit an deem Raum hei vu grouss Lëtzebuerg vun den anciens Pays-Bas. An duerno hat dee Site och nach eng ganz interessant Geschicht. En ass benotzt ginn als Gaart, wou Leit gewunnt hunn an elo ass e nei entdeck ginn duerch d‘Archeologie."

Fir d’europäesch Deeg vun der Archeologie huet de Site awer seng Diere fir eng Rei Interesséierter opgemaach an et konnt ee bis an d’Ruine vun der Villa eragoen. Vill historesch Sitten waren dëse Weekend exzeptionell fir de Public op an dat wier och wichteg, seet den Direkter vum Nationalen Institut fir Archeologesch Recherche, kuerz INRA, David Weis.

"Zil ass et, deen archeologesche Patrimoine uechtert d‘Land an uechtert d’Perioden, vun der Steenzäit bis an d’Renaissance, de Leit méi no ze bréngen an et ass wichteg, och fir eis fir de Retour vun de Leit ze kréien, fir ze verstoen, wat interesséiert se, wéi eng Sitte wëlle se gesinn, wëlle se besser verstoen."

Och verschidde Muséeën am Land hunn dëse Weekend speziell Visitte ronderëm d’Archeologie ugebueden. Am Nationalmusée um Fëschmaart konnt een esou zum Beispill déi archeologesch Kollektiounen am Keller vum Musée entdecken. Hei si vill Objeten ausgestallt an och e grousse Réimer-Mosaik kann een hei bestaunen.

"Dat ass virun 20 Joer hei zu Lëtzebuerg fonnt ginn, zu Fiichten an engem Feld. Et ass den Zentralraum vun enger Réimescher Villa, wéi se typesch waren och an eise Géigenden a vue dass mer dat Mosaik net op der Plaz konnte conservéieren, ass et erausgeholl a restauréiert ginn an herno an de Musée hei geluecht ginn."

Déi meeschte vun dëse Plaze kann een awer och sos am Joer normal besichen a besonnesch Visitten, wéi déi um Site Mansfeld, ginn och ëmmer emol erëm organiséiert.

Et ass iwwregens déi éischte Kéier, datt Lëtzebuerg bei den Deeg vun der Archeologie matmécht.