An der neier Editioun vum "The Global Liveability Index 2025" goufen déi liewenswäertst Stied weltwäit an enger Ranglëscht festgehalen.

An d'Bewäertung agefloss sinn dobäi Stabilitéit, Gesondheet, Kultur an Ëmwelt, Educatioun an Infrastruktur. All fënnef Kategorië kruten op Basis vun iwwer 30 qualitativen a quantitative Facteuren e Score vu jeeweils 100 Punkten, wou dann den Duerchschnëtt als finalen Index geholl gouf.

Leader vum Klassement ass deemno Kopenhagen mat engem Index vun 98,0 vun 100 méigleche Punkten, dat viru Wien an Zürich, déi allebéid mat 97,1 op der zweeter Plaz klasséiert gi sinn. Hannendru sti Melbourne (97,0), Genf (96,8), Sydney (96,6), Osaka (96,0), Auckland (96,0), Adelaide (95,9) a Vancouver (95,8).

D'Stad Lëtzebuerg huet et knapp net an d'Top 10 gepackt, ass awer an deene leschten 12 Méint ëm sechs Plaze geklommen a steet am neie Ranking mat engem Index vu 95,6 op der 11. Plaz.

Zu de Stied mat deene schlechtste Liewenskonditiounen zielen Dhaka aus Bangladesch (41,7), Tripoli aus Libyen (40,1) an Damaskus aus Syrien (30,7).

De gréisste Sprong no uewe gemaach huet d'Stad Al Khobar aus Saudi-Arabien, déi mat engem Index vun 62,5 ëm 13 Plazen an der Ranglëscht geklommen ass an elo op der 135. Plaz steet. Am meeschte Plaze verluer huet déi kanadesch Stad Calgary, déi vun der 5. op déi 18. Plaz erofgerutscht ass, ma ëmmer nach en Index vu 94,7 huet.