Ir gewënnt EuroMillions-Jackpot vun 250 Milliounen Euro

© AFP (Archiv)
Eréischt no 21 Zéiunge goufe en Dënschdeg den Owend nees eng Kéier den EuroMillions-Jackpot geknackt.
E Mann aus Irland dierf sech iwwer e Gewënn vun 250 Milliounen Euro freeën, dat huet déi iresch Nationalloterie matgedeelt.
D'Gewënnerzuele waren en Dënschdeg den Owend: 13, 22, 23, 44 an 49, mat de Stären 3 a 5.
Donieft haten och dräi aner Spiller déi fënnef Zuelen an ee vun den zwee Stäre richteg getippt, Si dierfe sech iwwer 7,8 Milliounen Euro freeën.
Den EuroMillions-Jackpot ass op maximal 250 Milliounen Euro limitéiert. Zanter dem 8. Abrëll war den Jackpot net méi erausgaangen. Dat ass déi zweetlängst Serie an der Geschicht vun EuroMillions. Vu Juli bis Oktober 2019 hat et 23 Tiragë gebraucht, fir den Jackpot ze knacken.