London ass jo bekannt fir seng verréckten Iddien an ausgefale Projeten. Alles wat ee soss enzwousch net fënnt, fënnt een an der brittescher Haaptstad.

An heiansdo zweiwelt een dobäi och gären emol un hirem Goût. ;-) Zum Beispill haten d‘Londoner op eemol e Flipp „Vegemite“, also eng Zort salzeg Crème, déi aus Béierhief gemaach ass a bëssen schmaacht wéi Bouillon – an hire Kaffi ze mëschen. An elo...gëtt et eng Gelateria, déi nëmmen ausgefalen Zorten Glace verkeeft.
 
Bye Bye Schokela a Vanille! Wat méi ausgefalen a skurril, wat besser. Zu London huet elo schonn fir déi 4. Kéier eng Pop-up Gelateria hir Dieren opgemaach, déi hiresgläichen sicht. Heihinner kennt een net fir déi traditionell Zort Glace. Nee, hei geet et drëms, ganz nei Goûten ze entdecken, déi och nach sou bizarr a komesch kënne sinn. Ugefaangen huet et mat enger simpeler Iddi, dat erkläert e Mataarbechter.

Am éischte Joer huet d‘Anya a säin Team sech decidéiert, fir mat de Goûten ze schaffen vun all deene Liewensmëttel, déi ee bei de Leit Doheem an der Spëndchen stoen huet. Sief et zum Beispill Cornflakes, wou mir déi verschidden Zorten als Glace gemaach hunn. Eigentlech alles, wat een an engem klasseschen britteschen Haushalt fanne géing. A lo iwwert d‘Joren wollten aner Marken mat eis schaffen.
 
An de Succès ass do. Dëst Joer e beléifte Goût, zum Beispill déi schaarf asiatesch Zooss. Oder eng Glace, déi no Olivenueleg oder ageluechten Zwiwwelen schmaacht. Fir jiddereen ass eppes dobäi. Et gi souguer Tastinge organiséiert, wou ee se all schmaache kann a wann ee Kolleegen oder der Famill wëll e Kaddo maachen, kritt ee se am Liter fir mat heem. An et schéngt unzekomme bei de Leit.