"My First Enterprise" ass e Programm vu Jonk Entrepreneuren, bei deem Lycéesschüler vun enger 4ième léiere kënnen, wéi een eng Entreprise geréiert.

Dofir krute Gruppe vu jeeweils 3-4 Schüler e Startgeld vu 50 Euro zu Verfügung gestallt an hunn domat missen hir eegen Entreprise grënnen.

Am Mäerz haten déi eenzel Gruppe sech schonn am Shopping Center Cloche D’Or getraff, fir hir Iddien dem Public ze presentéieren an um Mëttwoch war dunn déi grouss Finale bei Deloitte, déi als Sponsor beim Programm dobäi sinn.
12 Ekippen hunn et no 9 Méint bis an d’Finale vu "My first enterprise" gepackt a konnten also ëm de grousse Gewënn kämpfen. Opfälleg war, dass ganz ënnerschiddlech Projeten dobäi waren. Vun Iessensprojeten, wéi selwergemaache Cookies oder russeschem Kompott, iwwer e Service fir eelere Leit hir Autoen ze wäschen, bis hin zu selwergemaachene Käerze war vun allem dobäi.

Géint 94 Ekippe konnten déi 12 sech duerchsetzen. D’Motivatioun, fir nach eng Kéier zu deene Beschten ze gehéieren, war deementspriechend grouss an déi meeschten Equippe konnte sech och virstellen dat Ganzt ze gewannen.

Eng Jury huet déi verschidde Projete bewäert an duerchsetze konnt sech um Schluss d’Entreprise Kniddelfrënn, déi selwergemaache Kniddele verkeeft. Fir déi éischte Plaz vum Programm ginn et als Gewënn Vouchere fir d’Rockhal.
Déi zweete Platz goung un d’Entreprise Ellma Candles mat de selwergemaachene Käerzen. Si hunn en Dag am Crocus Escape Room gewonnen. An déi drëtte Plaz konnt CareBracelet gewannen, déi medezinesch Bracelete mat engem QR-Code fir Kanner hierstellen. Esou kann een an engem Noutfall op déi néideg Donnéeë vum Kand zougräifen.