Um Dënschdeg 24. Juni gëtt Google Earth 20 Joer al. Mat enger neier Funktioun gëtt dëse ronnen Anniversaire gefeiert.

Milliarde Leit ronderëm d'Welt hunn zanter dem Lancement 2005 online d'Surface vun eisem Planéit entdeckt an duerchsicht. Déi eng aus Virwëtz, déi aner aus wëssenschaftleche Grënn. Sou konnten zum Beispill nei Koralleriffer entdeckt ginn, oder d'Iwwerreschter vu prähistoreschen Afen. Donieft gouf och dat illegaalt Ofholze vum Reebësch dokumentéiert.

Nei Funktioun änelt enger Zäitrees
Méi wéi zwou Milliarde Recherchë sinn eleng an de leschten 12 Méint op Google Earth duerchgefouert ginn. Fir de ronnen Anniversaire kënnt elo eng nei Funktioun an d'Spill. Street View kritt eng "History"-Funktioun. Do sinn all d'Biller dran, déi an de leschte Joren op de jeeweilege Plaze gemaach goufen. Fir déi ugewisen ze kréien, klickt een op "see more dates".

Als Beispill zwee Biller vun der RTL-Adress 43, Boulevard Pierre Frieden um Kierchbierg. Hei d'Bild vun 2009:

RTL

© Google

A wéi et aktuell ausgesäit, weist dat leschte Bild, dat 2024 opgeholl ginn ass:

RTL

© Google

Änlech interessant ass d'Funktioun "Timelapse", déi am 3D weist, wéi eise Planéit sech iwwer d'Jore verännert huet. Ausserdeem kënnt mat Gemini och eng Kënschtlech Intelligenz bei Google Earth an den Asaz. Urbaniste kënnen domat zum Beispill vill méi séier Analyse vu Stied erstellen.