De Gehaansbierg zu Diddeleng am Mëttelpunkt vum Gehaansdag
















































































































De 24. Juni war de Gehaansdag. E chrëschtleche Feierdag zu Éiere vum Hellege Jang den Deefer.
Zu Diddeleng gëtt et de Gehaansbierg. Dëse läit op iwwer 400 Meter a grenzt engersäits un de Quartier Butschebuerg an anerersäits un d'Uertschaft Keel. D'Spëtzt vun dëser Plaz gehéiert dem Comte de Bertier vu Manom a Frankräich. De Lëtzebuerger Staat huet dësen Deel vum Bierg op onbestëmmten Zäit gelount a këmmert sech esou och ëm d'Alentouren.
Um Sommet vum Gehaansbierg gesäit een d'Iwwerreschter vun enger Buerg. Ëm 1402 gouf se gebaut. D'Kierch, déi et och nach op dëser Plaz gëtt, huet fréier eng wichteg Roll gespillt. Et war déi eenzeg an dëser Géigend. Bei si koumen och dacks vill Leit gepilgert, fir ze bieden. Bis virun enger Rei Jore gouf et och d'Gehaansprozessioun.
Mëtt den 80er Jore gouf och en Aussiichtstuerm nieft d'Ruin vun der fréierer Buerg gebaut. Um Fouss vum Gehaansbierg zu Diddeleng gëtt et zanter e puer Joer och e Bëschkierfecht.