D'Police huet sécher net schlecht gestaunt, nodeems si am däitsche Groß-Gerau e Won gestoppt hunn, dee mat 176 Stonnekilometer ënnerwee war.

Am Won souz e Jonke vu knapp 19 Joer. Ma et ass net just beim Problem mat ze héijer Vitess bliwwen. De Chauffer huet däitlech Zeeche vu Cannabis-Konsum opgewisen. Domat awer nach net genuch, de Won war wéinst Detournement an Nordrhein-Westfale gesicht.

Eleng dat ass duergaangen, fir de Jonke virleefeg festzehuelen. Sou ganz bëlleg de Spaass, eng Kéier op de Gas ze drécken, net. Hien erwaart deemnächst e Prozess. E Protokoll vu 700 Euro krut hien direkt an hie krut zwee Punkten zu Flensburg bäi.

Léiergeld wäert hie sécher duebel ginn, well hien och nach e Fuerverbuet vun dräi Méint dobäi kritt an hie muss nach an ee spezielle Seminär fir Fuerufänger. Dofir dierften dann och nach emol Käschte vun e puer honnert Euro ufalen.

Alles an allem, eng richteg deier Affär.