Vun elo un kann een zu Paräis an der Seine schwammen
© AFP
Lo ass déi richteg grouss Hëtzt zwar eriwwer, ma nach erlaben d'Temperaturen e Sprong an d'Seine zu Paräis.
Jo, Dir hutt richteg héieren, E Sprong an d'"Toilette de Paris" wéi se jo och alt am Volleksmond genannt gëtt. Vun elo u kann een also tatsächlech zu Paräis an der Seine schwammen. Natierlech net iwwerall, ma do wou fir 1,4 Milliarden Euro extra gebotzt gouf.
Bei Olympia 2024 ware jo schonn déi éischt Sportler an der Seine ënnerwee. Béiss Zongen hate jo behaapt, si wiere déi éischt Testpersounen, fir ze gesinn, ob de Projet gelonge wier. De franséische President Emmanuel Macron hat jo och versprach, dass et an Zukunft méiglech wier, sech am Industriefloss ofzekillen. Nodeems dunn och d'Buergermeeschtesch Anne Hidalgo Drock gemaach huet, kann dat Verspriechen dann elo endlech agehale ginn.
Dat Verspriechen hat schonn de fréiere franséische President Jacques Chirac 1988 ginn. Ma eréischt 2017 gouf en éischte Baseng opgemaach, de Bassin de La Villette, deen awer vill ze dacks vill ze iwwerfëllt ass.
E Samschdeg, no gutt 100 Joer Schwammverbuet, kann een also nees ouni Bedenken an d'Seine sprangen, op alle Fall mol op den 3 dofir etabléierte Plazen.











