3.800 Joer al Zitadell mécht Diere fir Touristen op

© Zona Arqueologica Caral/AFP/Handout
D'Zitadell Penico staamt nach aus der Zäit vun der eelster Zivilisatioun vun der Welt.
Vun elo un kënnen d'Touristen déi ronn 3.800 Joer al Anlag besichen, nodeem aacht Joer laang hei gefuerscht a restauréiert gouf. Elo ass déi archeologesch Plaz am Norde vum Land e Samschdeg fir Visiteuren opgaangen. Bei de Fuerschungsaarbechte vum peruanesche Kulturministère goufen 18 Gebaier entdeckt.
Pencio läit ronn 180 Kilometer nërdlech vun der Haaptstad Lima a knapp 20 Kilometer vum Pazifik ewech. De Fuerscher no wier dës Plaz e Knuedepunkt fir den Handel tëscht den éischte Gemeinschaften un der Pazifikküst, aus den Anden an dem Amazonasgebitt gewiescht.
Dës Plaz wier en "organiséiert Zentrum fir Landwirtschaft an Handel tëscht der Küst, de Bierger an dem Bësch", gewiescht, esou d'Archeologin a Cheffin vum Fuerschungsteama Ruth Shady géintiwwer AFP.
Virum Ufank vun den archeologeschen Aarbechten, fir d'Plaz emol richteg z'erfuerschen, am Joer 2017 war op dëser Plaz just eng Landschaft mat e puer klenge Koppen ze gesinn. D'Fuerscher hoffen, datt dës Zitadell an d'Géigestänn, déi ee fonnt huet, hëllefe kënnen, wisou déi fréier Caral-Zivilisatioun ënnergaangen ass. Den Héichpunkt vun der Caral war tëscht 3.000 bis 1.800 viru Christus. 2009 gouf d'Plaz vun der Unesco zum Weltkulturierwen erkläert.