An engem Communiqué hu seng Fra a seng Kanner den Doud vum Thierry Ardisson annoncéiert, deen u Liewerkriibs erkrankt war.

Den Thierry Ardison, och nach bekannt als "L'homme en noir" ass e Méindeg am Alter vu 76 Joer un de Suitte vu Liewerkriibs gestuerwen. Dat hu seng Fra a seng Kanner an engem Communiqué un d'AFP matgedeelt.

"Thierry est parti comme il a vécu. Un homme courageux et libre.", heescht et doranner. Den Thierry Ardison war ee bekannte franséische Produzent an och Animateur an diversen Talkshows oder aneren Emissiounen ewéi Lunettes noires pour nuits blanches, Salut les Terriens oder Tout le monde en parle.