Pierre Simonis am Alter vun 101 Joer gestuerwen

E Sonndeg ass de leschte Patron vum fréieren Traditiounsbuttek an der Stad gestuerwen.
D'Maison Lassner gouf et 160 Joer. Den Urgrousspapp vum Pierre Simonis hat dat éischt Geschäft opgemaach. Mat 95 Joer huet de Pierre Simonis am Mäerz 2020 d'Diere vum Traditiounsbuttek komplett zougemaach, nodeem 2006 dat bekannt Gebai um Eck vum Knuedler scho verkaf gouf an de Lassner e puer Meter weider an d'Rue de la Reine geplënnert ass.
Et war an der selwechter Strooss, wou d'Maison Lassner den éischte Buttek hat, éier dat grousst Gebai um Eck vum Knuedler gebaut gouf.
Den 29. Juni 1924 ass de Louis, Marie, Paul, Pierre Simonis op d'Welt komm. Am Krich ass hien aus der Arméi desertéiert an a Frankräich geflücht. Nom Krich koum hien zeréck op Lëtzebuerg, an huet hei d'Marguerite Leibfried bestuet, mat där hie fënnef Kanner hat.