"Virun de Walen huet d’Iddi vun alternative Wunnformen der Politik gefall"
Am Alter anescht liewen an zwar net eleng! Dat ass d’Konzept, hannert deem d’ASBL Beienhaus zënter 2019 steet.
Hire Pilotprojet zu Luerenzweiler ass zwar net dat ginn, wat geplangt war, mee dofir sollen d’Gemengen do och mat schaffen. Amplaz dass een eng Wunneng misst kafen, solle Méiglechkeete geschaf ginn, dass Leit ab 50 sech en Appartement loune kënnen, individuell liewen an awer a gemeinsame Raim Zäit mat anere Leit verbrénge kënnen.
Et wier vill méi wéi net eleng sinn an een deem aneren hëllefen, sou d’ASBL-Memberen, déi zum Deel zu Luerenzweiler liewen. Et géif virun allem och Spaass maachen!
D’ASBL lancéiert en Appell un d’Gemengen an un d’Regierung, an esou Projeten z’investéieren.
Am Oktober organiséiert d’Beienhaus eng Konferenz zum Thema alternatiivt Wunnen am Alter, mat Experten a praktesche Beispiller aus Däitschland.