Dass emol bei enger Reservatioun eppes schifgeet, kënnt vir an et ass iergerlech. Wuel nach méi wann ee falsch verstane gouf.

Zwou Frëndinnen aus Amerika wollte Vakanz an Europa maachen, geplangt war en Trip an e puer europäesch Metropolen. Ma op hirem Wee hu si missen eng ongewollten Tëschestatioun an Afrika aplangen. Béid Fraen hunn dat allerdéngs eréischt gemierkt, wéi et schonn ze spéit war. Si hunn dat Ganzt gefilmt. Op Tiktok geet dee Video grad viral an ameséiert vill Leit ronderëm d'Welt.

Geplangt war en Trip vun Italien a Frankräich, ukomm si béid Frëndinne an Tunesien.

Wéi konnt dat geschéien?

Bei der Fluchgesellschaft schéngt de ganze Mëssel lassgaangen ze sinn. Bei der Reservatioun fir op Nice gouf liicht eppes falsch verstanen. Et sollt vu Roum an d'franséisch Küstestad goen, op englesch respektiv amerikanesch heescht dat jo "to Nice", verstane gouf eppes anescht. An zwar Tunis.

Am Fliger hate béid Fraen e komescht Gefill  an hu sech un eng Fluchbegleederin geriicht. No engem kuerzen Hin an Hier koum eraus, dass si am falsche Fliger wieren. Do war et awer schonn ze spéit, aus der Maschinn ze klammen an esou ass d'Rees op engem anere Kontinent weidergaangen.

No der Landung an Tunesien war dat Ganzt awer nach net eriwwer. Wéi d'Frëndinnen d'Verwiesslung wollten erklären, gouf et nach méi Duercherneen. An nach ëmmer war d'Aussprooch Schold. "To Nice" kléngt och an Tunesien nach ëmmer wéi Tunis. Eréischt no stonnelaange Diskussioune wieren et gelongen, e Fluch eraus aus Tunis ze kréien. Een Dag méi spéit wéi geplangt si si dunn awer op hirer eigentlecher Destinatioun Nice ukomm.