"Et muss ee verstoen, firwat ee wéi eng Méck bënnt a wéi ee se benotzt"
Beim Méckefësche geet et net drëm, méiglechst séier méiglech vill Fësch ze fänken. Et wëll een d'Natur observéieren a verstoen.
Aus Partikele vu Fiederen, Pelzreschter vun Déieren, Fangerspëtzegefill a ganz vill Gedold bastele si Insekten no, mat deene se duerno probéieren, Fësch ze fänken. D'Méckefëschen ass villäicht net déi effektiivste Method, fir méiglechst séier méiglechst vill Fësch ze fänken, ma dorëms geet et de Passionéierten och net. D'Philosophie ass et vill méi, d’Natur z'observéieren an ze verstoen.
"Déi richteg Méck ze fannen, ass eng Wëssenschaft fir sech", erkläert de Jean-Jacques May, President vum Flyfishingclub Lëtzebuerg. D'Méckefësche géif domat ufänken, sech mat der Entomologie – der Léier vun den Insekten – auserneenzesetzen, fir ze verstoen, wéini ee firwat wéi eng "Méck" notzt, fir Fësch ze fänken. "Méck" ass heibäi en Iwwerbegrëff. D’Déieren, déi nogemaach ginn, sinn Insekten a kleng Waasserliewewiesen: Méckenzorten, Larve ma och méi grouss Insekten, wéi Libellen oder Heesprénger, sou wéi kleng Fësch. Begrëfflech gëtt dann tëscht Drëschemécken, Naassmécken, Streameren an Nymphen ënnerscheet.
Et ka esouwuel iwwert wéi och ënnert der Waasseruewerfläch gefëscht ginn. Am Géigesaz zum reguläre Fësche gëtt eleng mam Gewiicht vun der Schnouer gefëscht, wouduerch d'Worftechnik eng ganz eegen ass. Och dass ee beim Fëschen net statesch um Rand sëtzt mä sech an enger Watbox a Watschong duerch d'Waasser beweegt, zeechent d’Méckefëschen aus.
D'Mécken, mat deene gefëscht gëtt, bannen déi meescht selwer. Am Hierscht a Wanter wann d'Haaptsaison vun de Frellen eriwwer ass, treffen d’Membere vum Flyfishing Club sech dacks a sougenannte Bannkueren, wou e Bannmeeschter säi Wësse mat deenen aneren deelt.
"Et ass wéi beim Kachen, du kanns et no Rezept oder Freestyle maachen", erkläert de Guy Hoffmann, deen d'Bannkueren hält. Üblech wier et awer, eng relativ grouss Bibliothéik iwwert d'Méckebannen ze hunn, wou ee sech iwwert déi genee Proportioune vun de Mécken aliese kann. Déi wieren nämlech dat entscheedend, well de Fësch dacks op den éischte Bléck decidéiert, ob en d'Méck hëlt oder net. Seng Philosophie ass et, souwäit et geet, op Plastik a Schaum ze verzichten a just Naturmaterial ze notzen: Vun Huesendubbing iwwer Hirschhoer hin zu Fasanfiederen. Déi ginn da mat enger Schnouer op engem spezielle Schraufstack ronderëm de Krop gewéckelt. Tëscht 5 Minutten an enger hallwer Stonn dauert et an der Reegel, eng Méck ze bannen. Déi kënnen da sou laang benotzt ginn, bis se ze vill matgeholl ausgesinn.