De polneschen Alpinist Andrzej Bargiel wollt ouni zousätzlech Sauerstofffläsch vum Mount Everest erof op Schi. Dat huet hien als éischte Mënsch gepackt.

Wéi den Organisateur vun der Expeditioun en Donneschdeg matgedeelt huet, huet de Bargiel wéi geplangt d'Basislager erreecht. Ouni Sauerstoff an op Schi. Den 8.849 Meter héijen Sommet hat hien e Méindeg erreecht.

"Ech stinn um héchste Bierg vun der Welt an wäert deen elo op Schi eroffueren", sou den Andrzej Bargiel an engem Instagram-Video.

Et goung fir d'éischt an de Camp 2, wou hien eng Nuecht verbruecht huet an den Dag dono op Schi weider an d'Basislager gefuer ass, wéi de Chhang Dawa Sherpa vun der Expeditiounsfirma Seven Summit Treks géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Dës "extrem Erausfuerderung" hätt soss nach kee virun him gepackt.

Et gouf zwar schonn Descenten op Schi um Mount Everest, awer nach ni duerchgoend an ouni Sauerstofffläsch. Am Joer 2000 hat de Slowen Davorin Karnicardéi éischte Kéier esou eng Descente vum Sommet erof gepackt, allerdéngs mat Sauerstoff.

Et ass net déi éischte Kéier, dass den Andrzej Bargiel op Schi vum engem Sommet gefuer ass. 2018 hat hien esou de K2 bezwongen. En éischte Versuch um Mount Everest huet hien 2019 missen ofbriechen, well e risegt Äisstéck riskéiert huet, erofzefalen. Och en zweete Versuch 2022 ass schifgaange wéinst de staarkem Wand.

Den drëtte Versuch war e Succès. De polnesche Regierungschef Donald Tusk huet op X geschriwwen: "Den Himmel ass d'Grenz? Net fir Polen! Den Andrzej Bargiel ass grad op Schi de Mount Everest erofgefuer".