Baseler Zoll erwëscht Lëtzebuerger mat geschmuggeltem Diamantecollier

© BAZG / Taxiarchos228 via Wikimedia
Zu Basel huet e Lëtzebuerger versicht, en deieren Diamantecollier iwwer d'Grenz ze schmuggelen.
De Virfall geet schonn op de 16. September zeréck. An engem Rapport vun der Police vu Basel vum Dënschdeg heescht et, eng Patrull vum Schwäizer Zoll, dem BAZG, hätt deen Dag ëm kuerz no Mëtternuecht ee wäissen Auto ugehalen.
Um Récksëtz hunn d'Beamten net schlecht gestaunt, wou si 97 Verpakunge mat Certificate fir Diamante fonnt hunn. Déi wäertvoll Steng waren op den éischte Bléck allerdéngs néierens ze fannen.
D'Douane huet doropshin de Verdacht entwéckelt, datt de 64 Joer ale Chauffer aus Lëtzebuerg d'Diamante kéint u sech droen. Zu Basel-Lycbüchel un der Grenz hunn d'Mataarbechter vum Bundesamt für Zoll und Grenzsicherheit (BAZG) eng grëndlech Kontroll vum Auto gemaach, déi dann och zu enger Decouverte gefouert huet: Ënnert dem Chauffersëtz war eng Këscht mat enger Collier, an deen déi 97 Diamanten agelooss waren.
De Wäert vum Collier gëtt op ronn 80.000 Franken - ëmgerechent iwwer 86.000 Euro - geschat. De Mann aus Lëtzebuerg huet de Beamten erkläert, datt hien de Collier zu Lëtzebuerg fir ee Bekannten an der Schwäiz ofgeholl hätt. Well de Mann d'Douane an déi zousätzlech Strof net konnt bezuelen, bleift de Collier elo emol bis op Weideres beim BAZG. Si hunn dann och ee Prozess géint de Mann an d'Weeër geleet.