An der Nuecht op e Sonndeg stelle mer op d'Wanterzäit ëm
© Photo by BARBARA GINDL / APA-PictureDesk / APA-PictureDesk via AFP
Dofir ginn um 3 Auer an der Nuecht d'Aueren alleguerten eng Stonn no hanne geréckelt.
An der Nuecht vum 25. op de 26. Oktober gëtt d'Auer no hanne geréckelt, also vun dräi zeréck op zwou Auer. Domadder komme mer zeréck an d'Wanterzäit, wat jo och déi u sech "normal" Zäit fir eis Regioun ass.
Et gëllt awer opzepassen, well net all Auer setzt sech automatesch zeréck. Funkaueren oder Aueren, déi mam Internet verbonne sinn, wéi zum Beispill um Smartphone oder der Smartwatch, maachen dëst automatesch. Bei de méi traditionellen Aueren, sief et um Handgelenk oder an der Stuff, muss een dëse Schratt selwer maachen. Bei de Kichegeräter oder Autoen hänkt et jee no System of, ob et dat manuell muss maachen, oder ob se et selwer maachen, wa se mam Internet verbonne sinn.
Zäitëmstellung nach zäitgeméiss?
Schonn zanter e puer Joer ginn et Diskussiounen doriwwer, ob eng Zäitëmstellung iwwerhaapt nach zäitgeméiss wier. Dowéinst war se och scho méi dacks een Thema am EU-Parlament, wou am Joer 2019 decidéiert gouf, datt een dës Praktik ofschafe géif. Dozou ass et bis haut allerdéngs ni komm, well nach ëmmer net all EU-Staaten zougestëmmt hunn. Nach ass och net ganz kloer, wéini dat passéiere kéint.
Agefouert gouf se an Europa als éischt 1980 an Däitschland, wou een duerch d'Verréckele vun der Zäit méi laang vum Dagesliicht profitéieren an domat Energie spuere wollt. Well sech dës Decisioun favorabel op d'Wirtschaft ausgewierkt huet, sinn doropshin ëmmer méi EU-Länner nogezunn.
Och méi wéi 40 Joer duerno war et dëse Weekend also rëm esou wäit an et konnt een eng Stonn méi laang schlofen, wéi d'Zäit an der Nuecht vum 26. op de 27. Oktober vun 3 op 2 Auer zréckgestallt gouf.
Zäitëmstellung ofgeschaaft oder ni agefouert
Op anere Plaze vun der Welt gëtt et d'Zäitëmstellung scho méi laang net méi, sou ënnert anerem an der Tierkei, Japan, China a Brasilien. Ma och an Europa hu Länner wéi Armenien, Belarus a Russland (béid 2011) oder d'Ukrain (2024) se schonn opgehuewen. Wärend Belarus direkt nees an d'Normalzäit gaangen ass, hate Russland an Armenien sech fir d'Summerzäit decidéiert. Armenien ass dobäi bliwwen, ma Russland ass no e puer Joer zeréck op eng dauerhaft Wanterzäit gewiesselt.
Island dogéint hat ni eng Zäitëmstellung agefouert. 1968 hat ee sech awer op d'"Eenheetszäit" gëeenegt, wat d'Summerzäit bedeit.
Kierzten Dag vum Joer am Dezember
Iwwregens ass den 21. Dezember de kierzten Dag vum Joer. Da gëtt et nämlech spéit hell an nees fréi däischter. Tëscht dem Sonnenopgank an dem Sonnenënnergang leien dann ongeféier 8 Stonnen an 10 Minutten. Den nächste längsten Dag vum Joer wäert op den 21. Juni 2026 falen. Hei kann een da mat ronn 16 Stonnen an 22 Minutten Dagesliicht rechnen.