Wat een alles iwwer d'Nuddel wësse muss
© AFP
E puer Nuddelen an d'Dëppe geheie kann dach jiddereen? Jo, villäicht. Mee wa se schmaache sollen, ginn et Reegelen an déi erkläert eis den Italiener Gino.
Den Italiener sinn hir Pasta helleg. Ronn 23 Kilogramm Nuddelen all Joer gi pro Kapp an Italien giess. Wou d'Deegwuer hierkënnt, do ass ee sech awer net richteg eens. Laang hunn d'Italiener behaapt, si hätten d'Pasta erfonnt. Fuerscher ginn awer dovun aus, dass se ursprénglech aus Zentralasien kommen. A China gouf eng 4.000 Joer al Schossel mat Nuddele fonnt, déi dëst beleeë soll. Warscheinlech ass awer, dass d'Nuddele sech iwwerall ënnerschiddlech entwéckelt hunn, bis et zu der klassescher Pasta koum, déi mir haut kennen. An dës muss och richteg preparéiert ginn.
Pasta-Expert kläert op
De Vollblut-Italiener Gino huet op der Stater Gare eng Trattoria, déi besonnesch fir hier frësch Nuddele bekannt ass. Hien ass also vum Fach an dofir hu mir him e puer Froen dozou gestallt
Wéini mécht een d'Salz an d'Waasser?
"D'Salz kënnt réischt an d'Waasser, wann dëst kacht. Dat huet domat ze dinn, dass d'Salz sech besser verdeelt, wann d'Waasser a Beweegung ass. Et léist sech besser op a verdeelt sech gläichméisseg."
Soll een Ueleg an d'Nuddele maachen, fir dass se net pechen?
"Nee, dat maache se just a Restauranten, wou d'Nuddele virgekacht ginn. Mir schëdden d'Pasta direkt an d'Zooss, da pecht et och net." Des Weidere verhënnert d'Fettschicht op der Nuddel, dass dës d'Zooss richteg ophuele kann.
A wéi fënnt ee raus, op d'Pasta al Dente sinn?
"Dofir muss een d'Nuddelen einfach probéieren. Un d'Mauer geheien, fir ze kucken op se gutt sinn, dat bréngt näischt." Al Dente heescht sou vill wéi "fir den Zant" a bedeit, dass d'Nuddelen oder de Räis nach bëssfest sinn an net ze mëll.
Dierf ee Spaghetti, Tagliatelle & Co kleng schneiden?
Op kee Fall! Souguer mäi 9 Joer ale Bouf mécht dat net. Traditionell gi Spaghetti nëmme mat der Forschett giess. Wann een dat net kann, dierf een de Läffel dobäi huelen. Bei eis an Italien seet een awer: Wien de Läffel brauch, huet et doheem net anstänneg vun den Eltere geléiert. Mee kleng schneide geet guer net."
Et ginn tëscht 350 a 600 ënnerschiddlech Forme vun Nuddelen. Ënnerscheeden déi sech och am Goût?
"Nee, wa se vum selwechte Produzent sinn, bleift den Deeg an domat de Goût de selwechten. Mee verschidde Forme passe besser zu Zosen, wéi anerer. Kuerz Pasta si gutt fir Zose wéi e Ragout. Laang Pasta passe gutt bei Fësch zum Beispill."












A wéi gesäit et mat der Carbonara aus? Ram a Speck?
"Nee, dat ass eng Carbonara wéi d'Fransousen de Plat interpretéiert hunn. Pecorino (italieenesche Kéis), Guancale (speziellen ongeréischerte Speck) an Eegiel. Méi net."
An hei nach e puer Funfacts ronderëm d'Nuddelen:
- Déi längste gekachten Nuddel war 3.776 Meter laang a gouf 2010 zu Tokio, Japan, produzéiert.
- Den Däitschen Andre Ortolf huet am Joer 2021 an dräi Minutten 950 Gramm Nuddele giess an domat e Rekord opgestallt.
- De Weltpastadag gëtt et zënter 1995 a feiert domat dëst Joer säin 30. Jubiläum.
- A Sizilien muss d'Braut Pasta fir de Bräitchemann kachen, wa se ze mëll sinn, gëllt dat als schlecht Omen fir d'Bestietnis.
- Spaghetti ass d'Meerzal vun der Nuddel. Eng eenzel heescht Spaghetto.