Eng Kippche Cremant op der Copacabana
Knapp 80 europäesch Betriber, virop aus dem Liewensmëttelsecteur, hunn un der rezenter EU-Wirtschaftsmissioun a Brasilien deelgeholl.
Et ass een op der Sich no neie Clienten a Südamerika. Et wëll ee prett sinn, wann de Mercosur-Fräihandelsaccord a Kraaft trëtt. Ënnert hinne sinn och zwee Lëtzebuerger Wënzer vun der Musel.
A Brasilien, awer och an den anere Mercosur-Staaten, wiisst d'Mëttelschicht. Stéit, déi et sech leeschte kënnen, hunn och mol gär europäesch Spezialitéiten an Delikatessen um Dësch. Olivenueleg aus Italien, Cognac aus Frankräich oder firwat net och Wäin a Cremant vun der Lëtzebuerger Musel. De Privatwënzer Laurent Kox vu Réimech an d'Jessica van der Schee, Exportmanagerin vun der Domaine Alice Hartmann, ware mat a Brasilien gereest. Si sichen no neie Clienten. Südamerika wier e Marché mat vill Potential, seet de Laurent Kox.
Nach sinn europäesch Wäiner do, awer relativ deier. A Brasilien gëllt aktuell eng Importtax vu ronn 27 Prozent. Mam Mercosur-Accord sollen dës Douanestaxen no an no ewechfalen. Wann dat bis geschitt ass, gëtt et ganz interessant fir europäesch Wäiner iwwert den Atlantik ze verschëffen. A Südamerika wier sécher och Plaz fir Miseler Wäiner a Cremanten, seet d'Vertriederin vum Domaine Alice Hartmann, Jessica van der Schee.










Den Accord schützt och déi europäesch Produiten. D'Mecosur-Staaten acceptéieren déi sougenannten Appellation d'origine protégée. Schampes, Prosecco, Cognac a Calvados, fir just e puer Beispiller ze nennen, däerfen dann och an de Mercosur-Staate just esou heeschen, wann se aus den ursprénglechen europäesche Regioune kommen.